· 

Wat eis déi schweedesch Krichsbroschür verréit

Akafslëscht a preparatiounen fir den Eeschtfall

Déi meescht Leit kennen d'Zoustänn, déi an der schweedescher Krichsbroschür beschriwwe gi, just vum Héieresoen, vun Dokumentarfilmer oder vun den Erzielungen vun hire Grousselteren an Urgrousselteren. Dat schweedescht Merkblat informéiert wat elo wichteg ass a wat fir eng Konsumgidder a Gebrauchsartikelen d'Bierger sech solle beschafe fir mindestens eng Woch laang eleng ouni Hëllef kënnen ze iwwerliewen.

"Mir liewen an onsécheren Zäiten. An eisem Eck vun der Welt fannen am Moment arméiert Konflikter statt. Terrorismus, Cyberattacken an Desinformatiounskampagnen gi benotzt fir eis unzegräifen an ze beaflossen. Fir dëse Menacen ze widderstoen, musse mir vereent sinn. Jidderee muss säin Deel dozou bäidroen fir eis Demokratie ze verdeedegen." Mat dëse Sätz gëtt de Lieser an d'Krichsbroschür vun der schweedescher Regierung, déi virun e puer Deeg un all Haushalter verdeelt gouf, an d'Thema ageféiert. Nieft Schweden hunn och Finnland a Norwegen eng änlech Broschür un hir Bierger verdeelt.

An eiser Press gouf zwar doriwwer Bericht, et goufen awer keng Detailer iwwert den Inhalt vun deene Broschüre bruecht. Luxembourg Jungle huet sech mat där vu Schwede befaasst, déi een online a verschiddene Sproochen erofluede kann, dorënner och op Englesch. Däitsch oder Franséisch si net dobei. Donieft gesäit de schweedeschen Zivilschutz och nach eng Partie Internetlinke vir, déi zousätzlech zu der allgemenger Krichsbroschür weider Informatioune liwweren, wéi beispillsweis d'Preparatiounen, déi jiddereen doheem maache muss fir mindestens eng Woch laang ouni Hëllef kënnen ze (iwwer)liewen, Evakuatiounen a Sireenen, éischt Hëllef bei schwéier Verwonnter, d'Verhale bei extreme Wiederkonditiounen, Erdrutschen an Iwwerschwemmungen.

D'schweedesch Bevëlkerung gëtt haut scho mat Durchhalteparolen motivéiert. Sou steet am Fettdrock folgende Saz: "Wa Schweden ugegraff gëtt, wäerte mir eis ni erginn. All Behaaptungen, déi de Géigendeel soe, si falsch."

Inhalt vun der Krichsbroschür

Déi schweedesch Broschür, déi d'Leit op ee méigleche Krich virbereet, gesäit folgend Kapitele vir:

  • Informatiounen iwwert d'schweedesch Arméi
  • Erhéichten Alarmbereetschaft
  • Obligatoreschen Militärdéngscht
  • Déi verschidde Warnsystemer
  • Schutz wärend enger Loftattack
  • Préventioun doheem
  • Evakuatioun
  • Schutzbunkeren
  • Psychologesch Krichsféierung
  • Digital Sécherheet
  • Terrorattacken
  • Bluddunge stoppen
  • Extrem Wiederkonditiounen
  • Krankheeten
  • Hëllef am Krich fir Leit mat spezielle Bedierfnisser
  • Hausdéieren
  • Hëllef am Fall vun Angschtzoustänn
  • Mat Kanner iwwer de Krich schwätzen
  • Wichteg Telefonsnummeren a weider Informatiounen

Obligatoresche Militär- oder Zivilschutzdéngscht vu 16 bis 70 Joer

Déi schweedesch Krichsbroschür geet an hirer Aleedung op d'Zesummegehéieregkeetsgefill an a berouegt hir Bierger domat, datt d'Land elo Member vun der NATO wär. Et kommen dann Hiweiser op de bevirstoende, méigleche Krich an déi wichteg Informatioun, datt all Bierger tëscht 16 a 70 Joer - mat oder ouni schwedesche Pass - am Krichsfall kann agezu ginn. Dësen obligatoreschen Déngscht kann entweder den Zivilschutz oder d'Arméi sinn. Am Alarmfall sollen d'Leit normal op d'Aarbecht goen bis se geruff ginn.

Et kommen dann Erklärungen iwwert déi verschidde Warnsystemer, déi via Sireenen bekannt gemaach ginn: Urgence; Loftattack; Entwarnung. Beim allgemengen Urgencenalarm mussen all Betraffe vun Arméi an Zivilschutz direkt op déi hinnen zougewise Plaz an der Kampfzon goen. Beim Alarm vun enger Loftattack soll jiddereen direkt an Deckung goen, sief et an een ëffentleche Bunker, ee Keller oder an ee Raum ouni Fënsteren. Bei Entwarnung ginn d'Sireenen 30 Sekonne laang ouni Ënnerbiechung.


▲Extrait aus der schweedescher Krichsbroschür, déi un all Haushalter verdeelt gouf.


Déi schweedesch Autoritéite weisen drop hin, datt ee Bunker virun Drockwellen, Bommesplitteren, Gase vu chemischen a biologesche Waffen an den Hëtzwellen vun Atombomme schützt.

Wann ee keng Méiglechkeet huet, an ee Bunker ze flüchten, da soll een an de Keller, eng Garage, eng Metrosstatioun oder een Tunnel goen, noutfalls an ee Raum ouni Fënsteren. Hält een sech dobaussen am Fräien op, soll een sech op de Buedem leeën, am beschten an ee Gruef oder eng Grouf. Als Berouegungspëll ass wuel d'Informatioun ze bewäerten, datt am Fall vun engem Atomugrëff déi radioaktiv Stralungswäerter no e puer Deeg ufänken, erofzegoen.

Akaftslëscht präparéieren

Liewensmëttelen:

  • Haltbar Liewensmëttelen: Kären, Müsli, Nuddelen, Räis, Couscous, Instant-Gromperepuree, Puddermëllech, Tortillas, Knäckebrout, Kichelcher, Salz a Gewierzer.
  • Konserven: Tomaten, Geméis, Uebst a fäerdeg preparéiert Iessen.
  • Proteinräich: Gedréchent oder konservéiert Fleesch a Fësch, Pois chichen (Kicherierbëssen), Bounen, Lënsen a Kéis an der Tüb.
  • Fetträich: Ueleg fir ze kachen, Pesto, gedréchent Tomaten am Ueleg, Tapenade, Kakuettebotter, Nëss a Somen.
  • Energiespender: Gebeess, Schockela, Hunneg, Proteinbarren a gedréchent Friichten. 
  • Gedrénks: Waasser, Kaffi, Téi, Kakao, Jus oder Mëllech.
  • Iessen fir Kanner: Huewerbräi, Huewerflacken, Puddermëllech a Babyfood.

Et gëtt speziell drop higewisen, datt all Mënsch 3 Liter Waasser den Dag verbraucht, haaptsächlech fir ze drénken an ze kachen, awer och fir hygienesch Zwecker. Jidderee gëtt opgeruff, sech Waasserbehälteren an Eemere mat Deckel ze besuergen. Wann d'Waasser eng Zäitche steet, soll et ofgekacht ginn ier et benotzt gëtt. Waasser soll och a Fläschen am Tiefkühler stockéiert ginn.

Verschiddenes fir doheem:

  • Campingkocher, Gasbrenner, Brennstoff.
  • Hausapdikt, Éischt-Hëllef-Kit.
  • Fixspéin, Briquet.
  • Täscheluucht, Kappluucht.
  • Béchsenëffner.
  • Sprit am Auto Tank an eng vollgeluede Batterie.
  • Reserv vun engem Mount vu verschreiwungsflichtege Medikamenter.
  • Toilette Pabeier.
  • Hygienesch Fiichtdicher, Desinfektiounsmëttel fir d'Hänn.
  • Wëndelen, Binden.
  • Plastikstuten oder Dreckstuten.
  • Kompost oder Seemiel.
  • Eemer mat Deckel.
  • Radio mat Batterien.
  • Schlofsak an Decken.
  • Batterien, Powerbank.

Am Fall vun Evakuatioun si matzebréngen:

  • Iessen a Waasser fir e puer Deeg.
  • Carte d'identité, Kreditkaart a Borgeld.
  • Medikamenter an Hëllefsmëttelen, z. B. Hörgerät.
  • Radio, Solarzellen oder Dynamo.
  • Waarm a waasserfest Kleeder, zusätzlech Kleeder.
  • Hygiènesproduiten.
  • Handy an Opluedegerät.
  • Landkaart, Kompass.
  • Wichteg Informationen op Pabeier, z.B. Telefongsnummeren oder Informatiounen iwwert d'Assurance.

▲Extrait schweedesch Krichsbroschür: Verfleegung, Hygiène, Evakuatioun.


Wie sag ich's meine Kinde?

Fir Famillje mat Kanner geet d'Informatiounsblat an engem separaten Abschnitt drop an, wéi een de Kanner de Krich erkläert.

  • Dem Kand d'Situatioun erklären.
  • Op d'Kand lauschteren an sech op e Gespréich mat him aloossen.
  • Nëmmen iwwer verifizéiert Informatioun schwätzen. Onnéideg Detailer vermeiden.
  • Wann een als Elteren net all d'Äntwerten huet, soll een dat éierlech zouginn.
  • Aktivitéite mam Kand plangen fir ëm ze hëllefen, op aner Gedanken ze kommen.

▲Extrait Krichsbroschür Schweden
▲Extrait Krichsbroschür Schweden

Zousätzlech Informatiounen op der Homepage vun der schweedescher Verwaltung fir Zivilschutz a Katastrophenhëllef

Nieft der Broschür kritt de Bierger via Internet zousätzlecht Wëssen , wéi en sech am Krichsfall ze behuelen huet a wat fir eng Präparatiounen en am Viraus treffen soll. Vill Informatioiune sinn dem Liewen ouni Stroum reservéiert. An engem anere Kapitel fënnt een eng Check-Lëscht mat de wichtegste Virbereedungen fir doheem.

Ee wichtegt Kapitel betrëfft den Zougang zu Liewensmëttelen am Krich. Dora geet rieds iwwert d'Liewenmëttelknappheet, d'Uleeë vu Reserven, Kachen ouni Stroum, d'Wichtegkeet vum Borgeld an d'Liewen mat limitéiertem Budget.

Ee grousst Kapitel beschäftegt sech mam Zougang zu Waasser a Krichszäiten. Dora ginn d'Bierger alles iwwer Drénkwaasser, Drénkwaasserreserven, Waasser fir déi deeglech Hygiène gewuer. Well d'Waasserversuergung wahrscheinlech ënnerbrach wäert sinn, bedeit dat, datt och Toiletten net gespullt ginn. Toilettepabeier däerf dofir op kee Fall an d'Toilette geheit ginn, mee an eng Plastikstut oder en Eemer mat Deckel. Urinéiere kann ee weiderhin an d'Toilette. Stullgang muss an eng Plastikstut oder en Eemer gemaach ginn. D'Gemenge wäerten zousätzlech Dixis-Toiletten a Fässer opstellen, wou d'Leit kënnen hiren Daarm eidel maachen.

Weider Internet-Kapitelen behandelen den Zougang zu Wäermt, den Zougang zu Kommunikatioun, oder Informatiounen wéi een eng staark Bluddung stoppt.

Och déi psychologesch an elektronesch Krichsféierung ginn a spezielle Kapitelen op der Homepage vum Zivilschutz behandelt an d'Bierger ginn opgeruff, déi néideg Virkéierungen ze treffen, datt se d'Donnéeën op hirem Computer schützen an si ginn op déi méiglech Verbreedung vu Fake News a Krichspropaganda virbereet. Speziell Rotschléi ginn et fir Leit, déi Angscht hunn. 

Wat geschitt no enger Woch?

Op bal alles huet déi schwedesch Regierung eng Äntwert, ausser op d'Fro, wat no enger Woch passéiert. Um Internetsite vun der Verwaltung fir Zivilschutz a Katastrophenhëllef heescht et dozou: "Et ass onméiglech genee ze soen wat da geschitt. Awer am Laf vun enger Woch huet d'Gesellschaft Zäit fir hir Ressourcen ze sammelen an d'Situatioun sou wäit wéi méiglech ze bewältegen."

Op dëst de Mënschen am Fall vun enger Attack mat Atomwaffe weiderhëlleft, ass ze bezweiwelen.

▲Screenshot Internetsäit vun der schweedescher Verwaltung fir Zivilschutz a Katastrophenhëllef.
▲Screenshot Internetsäit vun der schweedescher Verwaltung fir Zivilschutz a Katastrophenhëllef.

Fazit: Krichsvirbereedungen lafen op Héichtouren, de Fridde gëtt vergiess

Unhand vun der schweedescher Krichsbroschür gëtt op eng exemplaresch Manéier verdäitlecht, datt d'Krichsvirbereedungen an Europa voll am Gaang sinn. Beméiungen fir Fridden ze schafen bleiwen op der Streck. Vun Diplomatie feelt all Spuer.

Nodeems den us-amerikanesche Nach-President et virgëschter erlaabt huet, Russland mat amerikanesche Rakéiten ze attackéieren an haut säin Accord fir den Asaz vun international condamnéierten Anti-Persoune-Minen aus den USA ginn huet, dréint d'Eskalatiounsspiral monter weider. Et däerf ee gespaant sinn, wat déi nächst "Iwwerraschung" vun dësem 82-Joer ale wäisse Mann ass, deen sech op senger leschter Ligne droite befënnt an deem d'Zukunft vun de kommende Generatiounen sou laang wéi breet schéngt ze sinn. Kritt d'Ukrain demnächst d'Erlaabnis, us-amerikanesch Atomwaffen anzesetzen?

Wou bleift déi Lëtzebuerger Friddenbeweegung? Existéiert se nach? Ëmmerhin huet d'Lëtzebuerger Regierung den amerikanesche Krichsdreiwer a Leader vun der westlecher Welt mat hire glorifizéierte Wäerter Biden fir de 14. Dezember op d'Gedenkzeremonie um amerikanesche Militärkierfecht zu Hamm bei Geleeënheet vum 80. Anniversaire vun der Ardennenoffesiv invitéiert. Gëtt dëse Besuch protestlos higeholl?

Wéi verhält sech d'Lëtzebuerger Regierung an där ganzer Krichshysterie? Nieft den 2,6 Milliarden Euro, déi d'Arméiministesch viru kuerzem ugekënnegt huet, an d'Oprüstung ze stiechen, bleift d'Fro vum obligatoresche Militärdéngscht nach ëmmer am Raum stoen. An engem Interview mam Wort vum 28. Juni 2024 huet d'Arméiministesch Backes folgendes iwwert d'Neesaféieren vum obligatoresche Militärdéngscht gesot: "Ich werde mich jetzt darauf konzentrieren, unsere Armee so gut wie möglich für die Zukunft aufzustellen. Ich glaube aber schon, dass es – genauso wie in anderen europäischen Ländern – eine Diskussion darum geben wird." Kritik dozou war keng ze héieren. 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0