Firwat d'HandyVerbuet an de Schoulen méi wéi ee Schouljoer dauert
Zu Lëtzebuerg fänkt d’Schouljoer 2024/2025 de 16. September un, ma elo scho suergt d'Handysverbuet an de Schoulen fir grouss Opreegung.
Den Educatiounsminister Claude Meisch, deen sech am RTL-Interview kloer géint Smartphones an der Schoul an am Unterrecht ausgeschwat huet, huet haut eng wichteg Ukënnegung gemaach: Bis Ouschteren 2025 soll e Reglement ausgeschafft ginn, dat Handyen an de Schoule verbitt. Ouschteren?! Als Erënnerung: mir sinn den 13. September 2024 an Ouschteren 2025 ass den 20. Abrëll - also a méi wéi siwe Méint.
Eigentlech geet all "normale" Mënsch dovunn aus, datt esou eng banal Regelung wéi e Smartphone-Verbuet an de Schoulen séier ëmgesat kéint ginn. Mee hei zu Lëtzebuerg wësse mer, datt d’Rieder vun der Bürokratie besonnesch lues dréinen. Och wann allgemeng bekannt ass, datt d'Mille vun der Justiz lues muelen, schéngt d'Lëtzebuerger Bürokratie hiren eegene Rhythmus ze hunn, e Rhythmus, bei deem souguer Schleeken gréng vun Näid ginn.
E Bléck hannert d'Kulisse vun der Bürokratie
Also firwat dauert et sou laang fir einfach Reegelungen anzeféieren? Vläicht ass et well d’Lëtzebuerger Beamte bekannt si fir hir besonnesch laang a generéis Kaffispausen a fir hir onendlech Versammlungen. Oder vläicht wëllen e puer Leit d'Saache gären esou komplizéiert wéi méiglech maachen. Firwat et einfach maache, wann et och komplizéiert geet? Den Educatiounsminister Claude Meisch: "Zu Lëtzebuerg dauert alles e bësse méi laang - schliisslech wëlle mir dofir suergen, datt och déi einfachsten Entscheedungen duerchduecht a grëndlech Retard hunn." Den Educatiounsminister Claude Meisch präziséiert: "Mir maache fir d'éischt eng Étude. Dofir hu mir extra eng Berodungsfirma beoptragt, déi dës Étude an Zesummenaarbecht mat Apple a Samsung realiséiert. Well: wien ass besser bestallt, eis ze soen wéi mer eis Handyen net benotze wéi déi Leit, déi se hierstellen? "
De Minister Meisch huet ugekënnegt, datt hien hofft, e Reglement bis Ouschteren 2025 auszeschaffen. Zur grousser Freed vun de Schüler an dem Léierpersonal: Si kënnen op d'mannst nach siwe Méint laang mat hirem Smartphone jongléieren, ier déi grouss Ännerung kënnt. Zu Lëtzebuerg hëlt een sech eben déi néideg Zäit, déi ee brauch - a vläicht och e bësse méi. Roum gouf schliisslech och net an engem Dag gebaut, geschweigs dann en Handyverbuet ëmgesat.
Wat soen d'Schüler?
Luxembourg Jungle huet sech mat engem Jonken iwwert dat annoncéiert Handyverbuet ënnerhalen.
Luxembourg Jungle: Hey, wat häls dudovun, datt d'Handysverbuet net virun Ouschteren 2025 kënnt?
Schüler: Dat ass mega! Dann hu mir nach vill Zäit fir d'Schoul an en TikTok Festival ze verwandelen. Wie brauch scho Mathé wann ee ka viral Danzpartyen kucken?
Luxembourg Jungle: Hues du den Homeschooling genoss?
Schüler: Total! Den Homeschooling war wéi Vakanz. Keen huet mir gesot, mäin Telefon ewech ze leeën. Ech konnt Netflix kucken, Spiller maachen a mat menge Frënn wärend dem Cours chatten. Dat nennen ech Multitasking.
Luxembourg Jungle: Ass de Smartphoneverbuet eng gutt Iddi?
Schüler: Vläicht, awer et ass och super nerveg. Mir sinn al genuch fir ze entscheeden, wéini mir eis Handye benotzen. Mee bon, mir hu bis Ouschteren 2025 fir voll ze profitéieren. Mir sollten eng grouss Abschiedsfeier fir eis Handyen organiséieren - natierlech am Livestream!
Mir kënnen eis also gemittlech zréckleenen an d'Show genéissen. Well eng Saach ass sécher: Zu Lëtzebuerg gëtt d’Aféierung vun engem Handysverbuet an de Schoulen en epescht Drama, dat eis nach laang beschäftege wäert. An der Tëschenzäit leeft d'Bürokratie weider an hirem eegenen Tempo an iwwerrascht eis weider mat hirer Dynamik. A wie weess, vläicht sinn Handyen bis dohinner längst iwwerlieft an duerch Gehirimplantater ersat?
Kommentar schreiben
Fern Pott 1964 (Sonntag, 15 September 2024 02:25)
emmer erem een Genoss waat et hei ze liesen get,
ech sin ebessi jallouuuuus���
hh. (Mittwoch, 18 September 2024 02:53)
Merci fir d'Blummen a bleif dem Luxembourg Jungle weiderhin trei.