Wann e Kulturdenkmol sech selwer iwwerlooss gëtt
Den 2. November 2025 ass zu Enscherange e klasséierte Bauerenhaff vun ëm 1750 zesummegefall. Net wéinst enger Naturkatastroph, mee aus Noléissegkeet. Bis den 1.November stoung en nach do. Fragil, mee präsent.

Zanter Juli 2025 sollt e Gitter géint eroffalend Stécker schützen. D’Gitter war do – d’Stécker och. Am Wunndeel hänken d’Ridoen nach. Wéi wann all Ablack ee géif heemkommen. Mee et ass kee komm. Kee Minister, Keen Handwierker. Kee Retter.
De Stall ass nach ze gesinn, just ouni Ochs an ouni Fierkel.
Op der Ferrariskaart vu 1776 stoung do schonn en Haus.
D’Post hat den Haff souguer op engem Timber veréiwegt. Philatelistesch geschützt, real vergiess.
2014: Top-Zoustand.
2021: Genuch fir eng Demande de classement.
2024: Endlech klasséiert.
2025: Zesummegefall.
Wär den Haff eng Bank gewiescht, hätt een se längst renovéiert, mat EU-Gelder, Zertifikater a Pressekonferenz. Mee et war just e Bauerenhaff. Just e puer Maueren mat Erënnerungen, an e puer Fotoen 5 Minuten nom Kollaps.
Wat bleift:
Eng Foto.
Eng Demande.
Eng Säit am Register.
Eng Chance, déi sech lues a lues an e Koup Steng verwandelt huet.
A vill Ironie.
Och interessant:























Kommentar schreiben