Wéi d'Queen Ursula den europäesche Kontinent bradéiert huet
De 27. Juli 2025 huet den Donald Trump, zertifizéierte Golfdiktator a selwerernannte Lord of the Lies, d'Queen Ursula fir d'Verhandlung vum 'Deal of no Return' um schottesche Golfterrain zu Turnberry empfaangen. Ënnert de Kläng vun Dudelsakmusek gouf d'Zukunft vun Europa iwwer dem Loch Linnhe verkaaft – handlech verpaakt an engem transatlanteschen "Deal to Go".
Turnberry, fréier mol Gaaschtuertschaft vum Golfturnéier "British Open", war d'leschte Weekend d'Kuliss fir den "Transatlanteschen Douanes Tax Open".
Mat Sniperen op den Diecher, Polizeihënn op Patrouille a Journalisten mat Maulkuerf an Akkredittéierungspflicht, gouf Schottland d'Kuliss vun engem Wirtschaftskrimi dee wuel eemoleg ass – zwar ouni Krimiauteur, dofir awer mat engem Happy End fir Amerika.
D'Entscheedung, sech ze treffen, gouf no engem "gudden Telefonsgespréich" mam Trump geholl, huet d'von der Leyen de 25. Juli, op X geschriwwen.
Following a good call with @POTUS, we have agreed to meet in Scotland on Sunday to discuss transatlantic trade relations, and how we can keep them strong.
— Ursula von der Leyen (@vonderleyen) July 25, 2025
▲ Post vum UVDL op X (Ex-Twitter).
Stante pede ass si a Schottland geflunn, huet gewaart, bis den Trump säi Golfmatch gewonnen huet, an huet sech dunn mam amerikaneschen "Daddy" getraff.
D'von der Leyen ass, wéi et sech gehéiert, mam Privatjet op Turnberry gereest - net well si méiglechst séier wollt um Golfterrain sinn, mee well si méi séier wéi déi aner 27 Memberstaaten decidéiere wollt. A wéi et sech fir eng richteg Monarchin passt, huet d'Queen Ursula d'Regierunge vun den EU-Memberstaaten natierlech net iwwer hire spontanen Trip a Schottland informéiert.
Den Trump ass sëtze bliwwe bis zum Schluss
Zanter der Inthronisatioun vum Donald Trump am Januar 2025, huet d'von der Leyen e puer Mol eng Audienz ugefrot, ass awer ëmmer nees ofgewimmelt ginn, well den Trump einfach keng Loscht hat, si ze gesinn.
D'Gespréicher um schottesche Golfterrain hunn dann och nëmme ganzer 60 Minutte gedauert, an den Trump ass iwwerraschenderweis sëtze bliwwe bis zum Schluss. Fir ze verhënneren, datt hien, wéi um G7-Sommet a Kandada, d'Dier klaakt a senger Wee geet, huet d'Queen Ursula hiert d'Bescht ginn fir de Welt-Meeschter zefridden ze stellen. An nëmmen enger Stonn huet si erreecht, wat hiren Handelskommissär Maroš Šefčovič a méintlaange Verhandlungen net fäerdegbruecht huet.
Vläicht louch et um Golfterrain: De Sand an der Sandkaul vum Terrain ass anscheinend besser wéi de Sand am Apparat vun der EU-Bürokratie.
Den Accord ass zwar net honnertprozenteg ausgeglach, mee ëmmerhin koum et zu engem Accord:
- d'EU investéiert 600 Milliarden Dollar an d'US-Wirtschaft,
- keeft fir 750 Milliarden Dollar US-Energie,
- engagéiert sech fir 250 Milliarden Dollar amerikanesch Waffen anzeleeën,
- ass zefridden, datt op sämtlechen EU-Produkter "just" 15% Douanestaxen opgehuewe ginn,
- an akzeptéiert ganz wëlleg, datt d'Stroftaxe vu 50% op europäeschem Stol an Aluminium erhale bleiwen.
Am Géigenzuch kritt d'EU ... näischt.
Vläicht huet Europa lo nees eng Chance op eng Statisteroll am geopoliteschen Theater, soulaang et net stéiert.
Den Draghi-Rapport ass begruewen
Et sief drun erënnert, datt op ausdrécklech Demande vun der Queen Ursula, de fréiere President vun der Europäescher Zentralbank (EZB) mat engem Rapport beoptragt gouf, fir d'europäesch Wirtschaft virum Ënnergang ze retten. Bei der Presentatioun vu sengem Rapport am September 2024, huet de Mario Draghi gewarnt, datt Europa all Joer 800 Milliarden Euro an seng Wirtschaft investéiere misst – oder nokucken, wéi eise Wuelstand an d'Kompetitivitéit iwwert den Atlantik fortschwammen oder vun der Seidestrooss iwwerrannt ginn – jee nodeem, wien sech als éischt den europäesche Wuelstand ënnert de Nol rappt, nom Motto: Den Éichten ass vir.
Den Draghi gouf zesumme mat sengem Rapport begruewen, nieft dem Traité vu Maastricht, do wou déi villzitéiert an héichgeluefte Wäerter a Prinzipien drop waarden, als Inscriptioun an de Grafsteen agehaen ze ginn.
D'Strategie vun der Queen Ursula: Europa net duerch Investitiounen retten, mä duerch den Export vu Kapital an dem Rescht u Selbstbewosstsäin a Richtung Washington. D'Devis ass: Besser exportéieren wéi retten – da brauch Bréissel sech net méi mat der lästeger Iddi "Europa" ze ploen. D'Deindustrialiséierung leeft wéi geschmiert, d'Energiepräisser schéissen duerch de Plaffong, d'Aarmut mécht Karriär – an d'Wirtschaft läit flaach wéi e Bréisseler Kompromësspabeier.
Den Draghi wollt Europa retten – d'von der Leyen huet Europa wéi op engem Bazar um Weltmaart verschierbelt. Eng Stonn Gespréicher, a Washington säckelt an, wéi wa scho Black Friday wär.
Verschidde landwirtschaftlech Produiten wéi Rëndfleesch oder Gefligel sinn offiziell vum Ofkommes ausgeschloss. D'EU schützt hir Bierger virum amerikanesche Rëndfleesch - awer net virum amerikanesche Rëndvéi.
D'EU däerf bëlleg düngen
D’EU engagéiert sech, fir 750 Milliarden Dollar fossil Brennstoffer ze kafen – dorënner Fracking-Gas. Prinzipiell leent Europa Fracking zwar of – ausser wann en deier ass, wäit reest a mam amerikanesche "Fräiheetslabel" ausgezeechent ass. Domat importéiert d'EU net nëmmen Energie aus den USA, mee och d'Ëmweltproblemer gläich mat – CO₂ inklusiv.
Ee klengen Detail am Mega-Deal wär bal ënnergaangen: D'USA däerfen an Zukunft zollfräi Dünger an d'EU liwweren. Uff! Op d'mannst kann Europa elo bëlleg düngen. Politesch gëtt dat als "strategesch Diversifikatioun" verfaaft. Zumindest gëtt drop opgepasst, datt fir d'Hirstellung vu Fudder gesuergt ass. Dëst dierft fir de Lëtzebuerger entscheedend sinn. Dank Monsanto & Co. wiisst d'Ënnerwerfung op d'mannst op optimal gedüngtem Buedem.
A 60 Minutte huet also eng Persoun, déi ni gewielt gouf, Entscheedunge getraff, déi 450 Millioune Mënschen betreffen. Déi gewielten Organer vun der EU kënne just nokucken, kommentéieren – a bezuelen. D'Europäescht Parlament, de Conseil vun de 27 EU-Staaten, déi aner Kommissiounsmemberen? Ze lues an ze komplizéiert – et ass méi einfach, en Deal iwwert d'Zukunft vun Europa tëscht der Sandkaul um Golfterrain an engem Zalotebuffet ofzeschléissen. Demokratie gëtt et beim Dessert – wann se net vergiess gouf. Eng Stonn Smalltalk, en Handschlag – an d'EU gëtt sech mat enger Nieweroll vun hirer eegener Geschicht zefridden.
Kommentar schreiben