Artikel mit dem Tag "europäesch Wäerter"



Ouschtermessage vum "Luxemburger Wort"
Krich & Fridden · 21. April 2025
An engem Kommentar, deen un Absurditéit kaum ze iwwerbidden ass, bezeechent d' "Wort" d'Friddensbewegung als “naiv” an erkläert se als déi gréisste Gefor fir eis Sécherheet. Anscheinend ass et hautdesdaags geféierlech, fir Diplomatie a Fridden ze plädéieren - eng Erkenntnis, op déi wuel nëmmen en intelligente Kapp aus der "Wort"-Redaktioun komme konnt.

10 Joer no Charlie Hebdo
Iwwert den Tellerrand · 07. Januar 2025
Haut pilgere westlech Politiker a Syrien op Besuch bei d'Nofolger vun den Al-Qaida Terroristen, déi sech haut HTS nennen, dorënner ausgerechent de franséischen awer och den däitschen Ausseminister, sou wéi wann d'Attentat op de "Charlie Hebdo" ni geschitt wier, a verspriechen der syrescher Junta Milliounen Euro un Ënnerstëtzung.

Skandal am Europaparlament - CSV stëmmt Antrag vun de Rietsextremen
Iwwert den Tellerrand · 27. Oktober 2024
Déi chrëschtlech-sozial EVP-Fraktioun am Europaparlament, zu där och déi CSV-Deputéierten gehéieren, huet en Antrag vun der rietsextremer ESN-Fraktioun iwwer Deportatiounszentren fir Flüchtlichen an Drëttlänner ënnerstëtzt - an domat ee geféierleche Präzedenzfall geschaaft.