De Luc Frieden huet d'Talent, dem Land Märercher fir boer Mënz ze verkafen. Am RTL-Interview behaapt hien, d’US-Stroftaxen hätte "kee groussen Impakt" op d'Lëtzebuerger Wirtschaft. Da kënne mer jo lo alleguer berouegt sinn. Ma souguer an der CSV selwer suergt dem Premier seng Ausso fir Kappzerbrieches. Säi Parteikolleeg Laurent Mosar nennt d'Taxepolitik vum Trump eng "Katastroph fir de Welthandel".
Hätt déi belsch Zeitung "De Standard" net iwwert d’Blockad vum Xavier Bettel bericht, wier d’Virgoensweis vu Lëtzebuerg um Conseil vun den EU-Ausseministeren vum 24. Februar 2025 géintiwwer Ruanda an der Terrorgrupp M23 nees ënnert den Teppech gekiert ginn. Fir mech ass dee Konflikt méi wéi just eng Noriicht. Meng familiär Wuerzelen an dëser Regioun maachen en zu engem Deel vu menger eegener Geschicht.
Den Dokter Hans Christoph Atzpodien, Generaldirekter vum "Bundesverband der Deutschen Sicherheits- und Verteidigungsindustrie", huet de 5. Mäerz 2025 de revolutionäre Programm "Autos zu Rüstung" virgestallt.