Artikel mit dem Tag "Snob"



Aktioun "Am Short a mat der Killtäsch op Knokke"
Gestëppels · 24. August 2023
Den 19. August hat Luxembourg Jungle iwwert d'Aktioun "Frigobox" zu Knokke bericht, dat nodeem sech zwou "chique Madammen" an engem Fernsehsinterview iwwert déi vill Touristen op gereegt hunn, déi am Short a mat der Killtäsch op de Strand kommen. Dat géif sech net fir Knokke passen, sou hir Conclusioun, wouropshin een Internet-User ee Facebook-Evenement lancéiert huet, bei deem hien dozou oprifft, de 26. August express am Short a mat der Killtäsch op Knokke ze kommen.

Aktioun "Frigobox“ zu Knokke
Gestëppels · 19. August 2023
Wee kennt se net oder huet net zumindest scho vun hir héieren? Knokke, déi mondän, chique an deier Uertschaft op der belscher Küst, déi wéinst senge sëllege Luxusbutteker a Gourmetrestauranten oft als Saint-Tropez vum Norde betitelt gëtt, zielt och bei ville guttsituéierte Lëtzebuerger als beléifte Vakanzendestinatioun.