Artikel mit dem Tag "Petitioun"



Fir de Schutz vum Wollef
de Wollef · 26. Oktober 2023
D'Biergerinitiativ "Feral Luxembourg", déi sech hei zu Lëtzebuerg géint d'Juegd op de Wollef asetzt an an deem Sënn eng Petitioun gestart huet, huet ee Lieserbréif un d'Press verschéckt, deen am Tageblatt, am Lëtzebuerger Wort an op RTL püblizéiert gouf.

Ënnerschreift d'Petitioun
de Wollef · 18. Oktober 2023
Ëmmer méi Länner stellen sech hannert d'Europäesch Kommissioun a fuerderen, de Schutzstatus vum Wollef ze lockeren an d'Ofschéisse vu Wëllef méi einfach ze maachen. D'Biergerinitiativ Feral Luxembourg huet ee Lieserbréif geschriwwen a rifft op hir Petitioun fir de Schutz vum Wollef ze ënnerschreiwen.

Petitioun: Loosst de Wollef mat Rou!
de Wollef · 17. September 2023
Lëtzebuerg huet lo och seng Petitioun fir de Schutz vum Wollef! Enn August huet d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen matgedeelt, et misst méi einfach gemaach ginn, de Wollef ofzeschéissen, well en eng Gefor fir Mënsch an Déier géif duerstellen. A ganz Europa wieren sech Natur- an Ëmweltschützer géint dës béiswëlleg an domm Ënnerstellung. Zu Lëtzebuerg huet d'Biergerinitiativ "Feral Luxembourg" eng Petitioun gestart.