Artikel mit dem Tag "Jiddesch Lidder"



Réckbléck 2025
Gestëppels / piques · 21. Dezember 2025
2025 war erëm ee Joer voller Situatiounen, déi een éischter an enger Satir erwaart hätt wéi an der Realitéit. Vun internationale Komik‑Momenter bis zu absurden Zeenen hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng Auswiel vun de beschte Fotomontagen an de schäerfsten Ënnertitele fir iech zesummegestallt — och wann d’Joer esou vill Material geliwwert huet, datt mir nach vill méi hätte kënne maachen. Hei ass also dat Bescht (an dat Schlëmmst) vun 2025. An 2026? Dat gëtt sécher net manner interessant.

Mat Gittar, Stëmm a Geschicht
Ars & Cultura · 26. September 2025
Zu Näidsen (Neidhausen) war gëschter de virleefeg leschte Concert-Virtrag vun de Yiddish Songs, interpretéiert vum Guy Schons – eng musikalesch Erënnerung, déi kléngt, beréiert a verbënnt. Demnächst ass hien op Tour: Südafrika, Däitschland, Éisterräich – a wahrscheinlech och Südamerika.