2025 war erëm ee Joer voller Situatiounen, déi een éischter an enger Satir erwaart hätt wéi an der Realitéit. Vun internationale Komik‑Momenter bis zu absurden Zeenen hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng Auswiel vun de beschte Fotomontagen an de schäerfsten Ënnertitele fir iech zesummegestallt — och wann d’Joer esou vill Material geliwwert huet, datt mir nach vill méi hätte kënne maachen. Hei ass also dat Bescht (an dat Schlëmmst) vun 2025. An 2026? Dat gëtt sécher net manner interessant.
Laang hunn déi europäesch Konsumente missten drop waarden - elo ass et endlech Realitéit. Wat an den asiatesche Länner längst zum Alldag gehéiert, mécht d'Europäesche Kommissioun mat hirem Reglement (EU) 2025/89 lo méiglech. Rieds ass vun der Legaliséierung vu Mielwuermpolver an eise Liewensmëttelen.
Spéitstens wann déi éischt Boxemännercher am September, direkt no der Summervakanz, an de Butteker opdauchen, ass et jidderengem kloer: Chrëschtdag steet virun der Dier. Et sinn dann zwar nach iwwer dräi Méint bis Chrëschtdag, mee sou huet ee genuch Zäit, sech op déi besënnlech Zäit vun der Baarmhäerzegkeet a vum Fridden an natierlech op déi gastronomesch Eskapade virzebereeden.
An den déiwe Bëscher vun de Lëtzebuerger Ardennen, wou fréier de Mëller Willy Racké d'Käre vun den Awunner gemuel huet, entsteet e Monument vum gesellschaftlechen Delirium a kulinareschen Déifpunkt.