Artikel mit dem Tag "Finanzplaz"



Dem neie Luc seng Parallelwelt
Gestëppels / piques · 30. August 2025
De Luc Frieden huet d'Talent, dem Land Märercher fir boer Mënz ze verkafen. Am RTL-Interview behaapt hien, d’US-Stroftaxen hätte "kee groussen Impakt" op d'Lëtzebuerger Wirtschaft. Da kënne mer jo lo alleguer berouegt sinn. Ma souguer an der CSV selwer suergt dem Premier seng Ausso fir Kappzerbrieches. Säi Parteikolleeg Laurent Mosar nennt d'Taxepolitik vum Trump eng "Katastroph fir de Welthandel".

Satir | D'Diplomatie gëtt digital
Horizons · 18. März 2025
Déi modern Diplomatie huet en neie Stadium vun Effizienz erreecht – keng laang Verhandlungen, keng penibel Sëtzungen hannert zouenen Dieren, a keng komplizéiert Protokoller méi. Via X (Ex-Twitter) hu Ruanda an d’Belsch gëschter hir diplomatesch Bezéiungen kurz und schmerzlos ofgebrach. Lëtzebuerg ass an enger Féckmillchen: Bréissel liken oder Kigali retweeten?