Artikel mit dem Tag "Bausch"



Rhodos brennt
Gestëppels · 23. Juli 2023
Gutt Noochricht fir Luxairsclienten: Et gi keng Bedenken falls een eng Vakanz op Rhodos geplangt huet, d'Luxair flitt awer, sou de Generaldirekter Gilles Feith.

Lëtzebuerg liwwert gepanzert Gefierer un d'Ukrain
Ukrainkrich · 18. Juli 2023
Iwwert den Twitter-Account vun der hollännescher Arméiministerin gi mer gewuer, datt Lëtzebuerg gepanzert Gefierer un d'Ukrain liwwert. Firwat informéiert de Lëtzebuerger Krichsminister net selwer doriwwer?

Subventiounskrich beim TICE
Gestëppels · 14. Juli 2023
Den Transportminister François Bausch (déi Gréng) dréint dem Bus-Syndikat TICE de Geldkrunn zou. 9 Milliounen wëllt hien eleng bei de Subventiounen aspueren. Normal, schliesslech huet hien der Ukrain scho fir 171 Milliounen u Waffe subventionéiert.

Leschten Dag vun der SNCA zu Maarnech
Gestëppels · 13. Juli 2023
Vun haut un gëtt d’Éislek em eng weider Administratioun méi aarm. Nom Führerschäinexamen zitt och d’Société Nationale de Circulation automobile (SNCA) vu Maarnech fort op de Fridhaff an d’Industriezone ZANO.

No Artikel op Luxembourg Jungle
Gestëppels · 06. Juli 2023
Nodeem mir an eisem Artikel vum 3. Juni 2023 drop higewisen hunn, datt déi Éisleker Leit, déi mam Zuch wëlle fueren, vum Transportminister an der CFL-Direktioun kujenéiert ginn, gouf elo beschloss, den Tunnel Schieburg éischter opzemaachen, wéi geplangt.

Revanche wéinst katastrophalem Wahlresultat vun de Gréngen am Norden
Gestëppels · 03. Juli 2023
Nodeems d’Aarbechten op der CFL-Nordstreck tëscht Wëlwerwolz a Draufelt Ufank Juni 2023 ofgeschloss an déi al Schinnen d’lescht Woch vun enger belscher Firma ewech transportéiert goufen fir se ze recykléieren, annoncéiert den Transport- an Arméiminister François Bausch (déi Gréng) schon nees Gleis-Aarbechten um selwechte Secteur.

Vu Stol an Eisen
Gestëppels · 23. Juni 2023
Mat 273,5 Milliounen Euro finanzéiert de Lëtzebuerger Staat dem Multimilliardär a Stolbaron Lakshmi Mittal ee schéine, neie Firmesëtz fir seng Firma ArcelorMittal um Kierchbierg. Obwuel eise Staat just mat 2,5 Prozent am Kapital vertrueden ass, bezuele mir Steierzueler d’Halschent vum neie Gebai. A mir maachen dat gär!

Luxair: Kollisioun mat enger Kampfdrohn?
Gestëppels · 18. April 2023
De 17. Abrëll koum et bekanntlech um Fluch vun Oslo op Lëtzebuerg zu engem brisanten Tëschefall mat engem Luxairfliger. Eng Fënster vum Fliger ass an der Loft futtigefuer. Wéi d’Press mellt, wir et an der Loft zu enger Kollisioun mat engem Vull komm. Luxembourg-Jungle huet de François Bausch (déi Gréng), deen souwuel Transportminister, Arméiminister an Expert an Aviatiounsfroen ass, em méi Detailer gefrot. Hei geet et bei den Interview.

Fir Iessen an Drénken ass gesuergt
Gestëppels · 13. März 2023
Ganzer 27 Lëtzebuerger Zaldoten ginn haut op Missioun a Rumänien geschéckt, wou si d’Aufgab hunn, d’Ost-Flank vun der NATO a vun der Europäescher Unioun ze stäerken. Am Fall vun enger russescher Attack hunn si d'Missioun, den Territoire vum NATO-Memberland Rumänien ze verdeedegen.

Arméiminister stécht weider 200 Milliounen an d'Rüstung
Ukrainkrich · 22. Februar 2023
De gréngen net-pazifisteschen Arméiminister Bausch (déi Gréng), dee viru kuerzem an engem Wort-Interview zouginn huet, ni ee Pazifist gewiescht ze sinn, geet an d’Geschicht an als dee Politiker, deen am meeschte Steiergelder an d’Oprëschtung gestach huet.

Mehr anzeigen