· 

Stater Gare

Oder dat, wat nach dovun iwwreg bleift

Virun e puer Deeg huet et mech op d'Stater Gare verschloen an ech hunn déi Zäit tëschent zwee Zich genotzt fir ee Spadséiergang ze maachen. Ech war erféiert!

▲ Medikamenter ginn et hei keng méi ze kafen
▲ Medikamenter ginn et hei keng méi ze kafen

Wéi ech viru genee zwee Joer e puer Fotoen vu verloossene Butteker op der Stater Gare gepost hat, haten eng Rëtsch vu menge Facebook-Frënn kommentéiert, et géif sech just ëm eng Iwwergangssituatioun handelen, de Quartier kéim nees zou sech wann de Chantier vum Tram verdaut wär.

Wéi den Zoufall et sou wëllt, huet et mech virun e puer Deeg nees op d'Gare verschloen an ech hunn déi Zäit tëschent zwee Zich genotzt fir ee Spadséiergang ze maachen. Ech war erféiert! Den Tramschantier ass längst fäerdeg, awer d'Situatioun huet sech net verbessert, am Géigendeel.

Den 19. Mäerz koum d'Nouvelle vun engem weideren Traditiounsbetrib, deen seng Dieren fir ëmmer zoumécht.

Dobei war d'Gare mol eng Kéier ee pulséirende Quartier, wou een alles fonnt huet, wat ee gesicht huet. Haut floréiere virun allem d'Fastfood-Buden, d'Ramschbutteker a "spezialiséiert" Atelieren, wou een den Handy flécke loosse kann.

Hei e puer Andréck vu mengem Spadséiergang vu virun e puer Deeg.

An dësem Clip kritt een een Androck vu mengem Trip op der Stater Gare. ▼

Op mengem Facebook-Site gouf de Post iwwert d'Stater Gare wäit iwwert 100 Mol gedeelt an e gouf massiv kommentéiert. Hei ass eng Selektioun vun e puer interessante Kommentarer. (https://www.facebook.com/hubert.hollerich)

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    RESPECT (Sonntag, 07 April 2024 01:49)

    Also, ech wor geschter mol erem op der Gare. Daat as effektiv e grousse Kino!
    Ech suutz 2 Stonnen do an haat gut Zait mir deen ganzen Théater do unzekucken. Ausser Leit vun 100ten verschidden Nationalitéiten, Kappdicher, Drogendealers, Elektresch Trotinnetten um Trottoir, gejaitz vun engem Eck vun der Stroos op deen aaneren, 2 Fraen, dovunner eng mat Kappduch, déi andauernd d'Avenue de la Liberté erop an erof gin an d'Leit upöbbelen fir Souen ze kréien, den Tram deen en onmoossegen Kaméidi mecht wann e laanscht fiert, en Défilé vun décken Autoen mat jonken Männer dran, gréistendeels Afrikaner, mat der Musik sou haart dass se fiert de ganze Quartier as, Strummerten mat hiren Henn, Junkien déi ronderem trellen asw.
    Daat as daat Bild waat ech geschter gebuede kruut.
    Do as ett kloer dass een keng Loscht huet nach eng Kéier mussen dohinner ze goen...
    Ech betounen hei dass main Message guer net Auslännerfeindlech oder riets-extrem as oder nach eppes aaneres wou verschidde Leit sech séier wärten eng Freed machen ze qualifizéieren.
    Ett as einfach eng réell an objektiv Festellung vun deem waat ech geschter gesin hun. Soss naischt aanescht wie Fakten. Ouni iergend en aaneren Hannergedanken.