· 

Weem gehéieren eis Stied?

Wunnen zu Lëtzebuerg: Ee Grondrecht oder eng Wuer?

Hutt Dir Iech och scho gefrot, firwat trotz massenhafte Neibauten, d’Immobiliepräisser zu Lëtzebuerg extrem héich bleiwen, wat dozou féiert, dass ëmmer méi Leit decidéieren, an d‘Grenzregioun ze plënneren, well se sech am eegene Land näischt méi leeschte kënnen? 108.000 Lëtzebuerger wunne mëttlerweilen am Ausland.

Wat sinn d’Geschäftspraktiken vun den Investmentfongen an den Immobiliekonzerner, fir déi d’Wunnen als Mëttel fir Investitiounen a Profitmaximéierung an net als soziaalt Wuel a Mënscherecht ugesi ginn?

Obwuel de fréiere Premierminister Jean-Claude Juncker 2002 de Logement zur Chefsaach erkläert huet, dat nodeems sech scho Jorzéngte virdrun déi aktuell Katastroph manifestéiert huet, ass näischt geschitt fir d’Situatioun ze verbesseren.

 

All Ëmfroen aus de leschte Joren hu kloer gewisen, dass erschwéngleche Wunnraum d‘Haaptsuerg vun de Bierger ass an trotzdeem stellt ee fest, dass d’Diskussioun, déi d’Parteie reegelméisseg virun de Wahlen opgräifen an sou maachen, wéi wann se u Léisunge géife schaffen, déi zentral Froe ganz geschéckt ëmginn.

 

Weem gehéieren eis Stied? Ënnert dësem Titel fënnt de 14. Juni 2023 um 18h30 , op Invitatioun vu Luxembourg under Destruction, Etika – Initiativ fir alternativ Finanzéierung, dem Mieterschutz Lëtzebuerg, Stoppt de Bagger an déi Lénk, eng Konferenz am Sang a Klang am Pafendall statt, bei där d’Finanziariséiereung vum Wunnen am Mëttelpunkt steet. Am Uschloss vun de Virtreeg, ass eng fräi Aussprooch virgesinn.

 

Méi Informatiounen iwwert dës Veranstaltung kritt een op der Homepage vun Etika oder op der Facebook-Säit vu Luxembourg under Destruction.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0