· 

Ettelbrecker Gare kuerz virun der Zertrümmerung

Verréckelen amplaz ofrappen!

Gare Ettelbréck, Mee 2021
Gare Ettelbréck, Mee 2021

Den 20. Abrëll 2021 huet den Ettelbrecker Buergermeeschter gréng Luucht ginn fir d’Ofrappen vun der 1862 gebauter Ettelbrecker Gare. Mat den Ofrappaarbechten ass an der zweeter Halschent vum Joer ze rechnen.

Ee moderne Betonsklotz ersetzt déi al Gare, déi dann och net méi "Gare" mais "Pôle échange multimodal" heescht.
Ee moderne Betonsklotz ersetzt déi al Gare, déi dann och net méi "Gare" mais "Pôle échange multimodal" heescht.

Demande fir d’Gare ënner Denkmalschutz ze stellen gouf vun der Kulturministesch den 18.3.2021 ofgelehnt mam Argument, dass 2014 beschloss gouf, d’Gare ofzerappen an duerch ee neie Projet „Pôle échange multimodal“ ze ersetzen.

D’Commission des sites et monuments nationaux (COSIMO) huet een Avis favorable fir de Klassement vun der Gare ofginn.

Obwuel am Ausland (z. B. zu Paräis) ganz Metroslinnen an Tunnelen ënnert de Gare verlafen, muss d'Ettelbrécker Gare wéinst engem Tunnel ewechgerappt ginn.
Obwuel am Ausland (z. B. zu Paräis) ganz Metroslinnen an Tunnelen ënnert de Gare verlafen, muss d'Ettelbrécker Gare wéinst engem Tunnel ewechgerappt ginn.

Desen Avis favorable ass allerdings néirends ze fannen a gouf dem Grupp « Luxembourg Under Destruction » och net ausgehännegt.

Et ass virgesinn, d’Nationalstrooss Nr 7 zum Deel ënnerierdesch ze leeën, dee geplangten Tunnel soll ënnert der Gare verlafen. Dat ass den Haaptgrond, dass déi al Gare ewech muss.

Et ass dest den Ufank vun enger Serie vu Garen, déi am Numm vum technologesche Fortschrëtt, deen haut am Fachjargon „Multimodalitéit“ genannt gëtt, ofgerappt ginn. Weider Garen, déi an de nächste Méint verschwanne werten, sinn déi vu Capellen a Bierchem. 

No 160 Joer: Net méi funktiounfäheg?

De Facebook-Grupp „Luxembourg Under Destruction“ huet zu der Demolitioun vun der Ettelbrécker Gare ee kompletten, héichinteressanten Dossier presentéiert, bei deem souwuel den historeschen wéi och den architektoneschen Aspekt beliicht gëtt a gläichzäiteg Léisungsvirschléi ënnerbreet ginn, wéi d’Ettelbrecker Gare kann erhale bleiwen.

Eisenbunnsgebaier sinn net nëmmen en Deel vun eisem kulturelle Patrimoine, si sinn och en Deel vun eiser Geschicht. „Sie hu virun allem zum industriellen Opschwong an zur Entwécklung vun eise Stied an Dierfer bäigedroen. Dest ass besonnesch fir Ettelbréck de Fall.“, erënnert de Facebook-Grupp „Luxembourg Under Destruction“, deen d‘Approche vun de politesch Verantwortlechen net akzeptéiert.

 „Haut kréie mer gesot, des Garen wären net méi funktiounsfäheg a missten dofir ersat ginn.“ Mat där Argumentatioun kann een natiirlech all eis historesch Gebaier a Monumenter ofrappen an ersetzen. „Aus eiser Siicht ass d’Ofrappen vun de Garen Ettelbréck, Capellen, Bierchem an aneren symptomatesch fir de Mangel un historischem Bewosstsäin an eiser politescher Führungsétage“, schreift de Grupp „Luxembourg Under Destruction“, deen och kritiséiert, dass oft mat Begeeschterung an ouni Rücksicht op d‘Käschten e puer seelen, symbolesch interessant Gebäier renovéiert ginn, wärend anerer verstümmelt oder carrément zerstéiert ginn, well se oft als Gebailechkeeten vu manner grousser Bedeitung ugesi ginn. Dest war z.B. d’lescht Joer bei de Ställ vum Heeschdrefer Schlass de Fall, awer och bei ville Baurenhaiser, souguer dann, wann se als nationalt Denkmal agestuft sinn.

Doudesuertdeel vun der Ettelbrécker Gare
Doudesuertdeel vun der Ettelbrécker Gare

Wat de Schutz vun eisem bebaute Patrimoine ubelaangt, widerhuelen sech zu Lëtzebuerg ëmmer nees déi selwecht Feeler. Den Ënnerscheed zu fréier besteet doran, dass eis Politiker probéieren de Skandal méi verdaulech ze maachen, andeem se ee Vokabulär auswielen, deen technesche  Fortschrëtt an Ekologie virtäusche soll.

 An hirer Petition 1638 hat de Facebook-Grupp „Luxembourg Under Destruction“ un d’Regierung appelléiert, beim Schutz vun eisem kulturellen Ierwen mam gudde Beispill virzegoen. An der Realitéit geschitt awer genau de Géigendeel. D’Ettelbrécker Gare ass dat beschte Beispill fir des Politik. „Wéi wëll de Lëtzebuerger Staat privat Propietären vun der Notwennegkeet vum Erhalten vun eisem bebaute Patrimoine iwwerzeegen, wann e selwer weist, wéi wéineg him doru läit?“, freet „Luxembourg Under Destruction“ a gëtt ze bedenken, dass et net ekologisch ass, ee funktionellt historescht Gebai ofzerappen an duerch ee riesigen Betonsklotz ze ersetzen.

Mir schloen Alarm, dass déi politisch Verantwortlech an d‘Verwaltungen an Zukunft esou Feeler vermeiden.“, kann een am Dossier liesen.

3 alternativen zur demolitioun

Am Dossier iwwert d’Ettelbrecker Gare proposéiert „Luxembourg Under Destruction“ dräi Alternativen zum Ofrappen vum Gebai:

  1.  De geplangten Tunnel ënnert der Gare gëtt verluecht
  2. D’Gare bleift bestoen a gëtt  duerch eng spezialiséiert Firma op eng aner Plaz gereckelt
  3.  D’Gare gëtt ofgerappt an op enger anerer Plaz nees Stee fir Steen opgebaut

De Facebook-Grupp ass am Besëtz vun engem Devis vun der schwäizer Firma ITEN AG, déi op d’Verréckelen vu Gebaier spezialiséiert ass. Pro Joer déplacéiert des Firma bis zu 3 Gebailechkeeten. Dee gréisste Projet war bis elo d’Verréckelen vum 130 Joer alen Direktiounsgebai vun der Maschinenfabrik Oerlikon (MFO) zu Zürich.

Am Ufank war geplangt, dat aalt Zillegebai ofzerappen. Eréischt nodeem d'Awunner sech vehement gewiert a sech fir d'Erhale vum industrielle Patrimoine agesat hunn, gouf emgeduecht an d'Gebai ass geréckelt ginn. Dat geplangtent  Schinnegleis konnt gebaut ginn ouni déi al Bausubstanz ze zerstéieren.

Video iwwert d'Verréckelen vum 60m laangen a 6200 t schwéiren MFO-Direktiounsgebai.

Fir 3 Millounen € kéint och d'Ettelbrécker Gare erhale bleiwen wann se op eng aner Plaz geréckelt géif ginn. De Gesamtprojet vun der Regierung, an deem d'Ofrappen an de Bau vun enger neier Gare virgesinn ass, kascht 160 Milliounen €.

Wann et an der Schwäiz méiglech ass, da misst et jo och hei zu Lëtzebuerg machbar sinn.

Beim Verréckelen wären allerdings d'Ingénieuren gefuerdert an net d'Architekten an d'Promoteuren. Vläicht ass dat jo grad de Problem zu Lëtzebuerg.

hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 2
  • #1

    mdu (Montag, 21 Juni 2021 14:45)

    fir 3 millioune kritt een d’gare gerëckelt an awer soss keng infrastruktur gebaut… daat ass augenwischerei.

  • #2

    Hubert Hollerich (Montag, 21 Juni 2021 14:54)

    @mdu, d'Ofrappen an de Recyclage kaschten jo och. D'Haaptfro ass jo net Käschtepunkt, mais den Erhalt vun der Gare, esou wéi d'Experte-Kommissioun vu Sites & Monuments dat verlaangt huet. An do ass d'Verréckelen déi gënschtegst Solutioun.