Gestëppels

#Luc Hättgär
Gestëppels · 27. November 2023
Mir Lëtzebuerger gebrauchen d’Verb "gärhunn" meeschtens a Säz wéi “Ech hunn dech gär” oder “Du kanns mech gärhunn” an et gëtt éischter seele benotzt. Abee, eise neie Staatsminister #Luc Hättgär verwent et relativ oft an haaptsächlech am Konjunktiv, wat dann esou bei him kléngt: “Ech hätt gär…”.

Wuesstum
Gestëppels · 25. November 2023
An Zäiten vun der Rezessioun, vu Krich a Manipulatioun, vun ugeschlo’ner Konjunktur feire mer eis Leitkultur.

Vill Business English am Koalitiounsaccord
Gestëppels · 19. November 2023
Endlech kënnt dem #Luc säi ganzt Talent, säi ganze Knowhow vu Cambridge iwwer Harvard bis hin zu sengem Détour als Vice Chairman vun der Deutsche Bank zu London voll zur Geltung. Kaum een Abschnitt am Koalitiounsaccord – pardon: am coalition agreement – kënnt ouni Corporate English, also ouni Business English aus.

Wëldplo an de Lëtzebuerger Bëscher
Gestëppels · 15. November 2023
An engem remarkabelen Interview op RTL huet de Sous-Direkter vun der Natur- a Forstverwaltung gëschter fir eng massiv Juegd op d’Déieren am Lëtzebuerger Bësch plädéiert fir op déi Manéier der Wëldplo meeschter ze ginn. Luxembourg Jungle huet de Laurent Schlau och interviewt.

Bamfällaktioun am Naturschutzgebitt
Gestëppels · 13. November 2023
Eng kleng Notiz am Trafic-Info huet mech stutzeg gemaach. Wärend bal zwou Wochen ass d'Strooss tëscht Kautebaach a Wolz gespaart wéinst Beem, déi gefällt ginn ... matzen am Naturschutzgebitt.

Statistiken
Gestëppels · 10. November 2023
Obwuel d’Alarmglacken op internationalem Plang längst gelaut hunn, huet eise streng regierungshörege Statec nach bis kuerz virun de Chamberswahlen behaapt, d’Bruttoinlandprodukt (BIP) géif 2023 ëm 1,5 Prozent wuessen.

Würdegung vun SS-Mann um Bouneweeger Kierfecht
Gestëppels · 08. November 2023
Et ass kaum ze gleewen wat sech Ufanks des Mounts um Bouneweeger Kierfecht ofgespillt huet. Ronn drësseg ukrainesch Bierger hunn sech um Bouneweeger Kierfecht afonnt fir dem verstuerwene Member vun der Waffen-SS Andrij Melnyk ze gedenken.

Klappjuegd um Bëschkierfecht
Gestëppels · 01. November 2023
De Combel vun der Pietéitlosegkeet ass ouni Zweiwel zu Bissen um Bëschkierfecht ze fannen, wou d’Leit, déi fir Allerhellegen op d’Griewer vun hire Verstuewene wollte goen, drop higewise goufen, datt do eng Klappjuegd stattfënnt.

Vill Zirkus ëm een Zirkus
Gestëppels · 30. Oktober 2023
Natiirlech muss en Zirklus d’Reglementer respektéieren an seng Déieren konform zum Gesetz halen. Dass dem Zirkus Crone seng Déieren éire gequält oder net artgerecht gehale goufen, war net de Reproche vun den Autoritéiten, och wann de selwerernannten Déiereschützer Frère Daniel der breeder Ëffentlechkeet dat verklickert huet. Et goung eenzeg an eleng ëm administrativ Prozeduren.

Liewensgefor
Gestëppels · 25. Oktober 2023
"Jeeër si Barbaren", D’Juegd ass doutmaachen, 't ass Mord well et ass geplangt", "D’Juegd, dat ass d’Loscht doutzemachen", huet den Déiereschützer Armand Clesse 2019 op RTL behaapt. Zwar gouf hien 2020 um Geriicht fräigesprach, ech ginn him trotzdeem net Recht!

Mehr anzeigen