· 

D'52-Stonnewoch

Wéi d’UEL d’Rad vun der Zäit ëm 100 Joer zréckdréine wollt

Den 11. September 2025 geet als besonneschen Dag an d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Aarbechterbeweegung an. De Patronatsverband UEL hat wëlles, d’Rad vun der Zäit ëm 100 Joer zréckzedréinen. RTL huet bericht: D'Aarbechtszäit kéint geschwënn 52 Stonne pro Woch sinn.

Dank der mathematescher Leeschtung vum LCGB-President Patrick Dury, konnten d’Pläng vun der UEL matzäiten duerchkuckt ginn. Mat enger einfacher Equatioun aus de Fuerderunge vun den Patronen no enger jäerlecher Referenzperiod fir d'Berechnung vun den Aarbechtsstonnen an enger Reduktioun vun de Rouzäiten léisst sech nämlech folgendes ofleeden:

Maximal Flexibilitéit + manner Pausen = 52 Stonne schaffen

Et liicht jidderengem an: wat d'Rouzäit méi kuerz, wat d'Aarbechtszäit méi laang gëtt.

Ma den Dag drop koum schonn den Dementi vun der UEL. An deen huet sech unhéiere wéi dee vun engem klenge Kand, dat mat vollbeschmiertem Schockelasmond behaapt: “Ech war et net, ech hunn de Kuch guer net ugepaakt”. "Mir hunn ni d’52-Stonnewoch gefrot!" behaapt d’UEL. Natierlech net. Wéi kann een och nëmmen op esou Gedanke kommen. Kloer: d'UEL freet net laang, se hëlt sech einfach, wat se wëllt.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0