· 

Internationale Nederlanden Groep

Vun der Staatlecher Bank fir jiddereen zu der Bank fir d'Geldsäck

Marathon '25 soll am Luxus-SUV ausgedroe ginn

Aus der staatlecher Rijkspostspaarbank ass 1986 eng privat Gesellschaft mam Numm Postbank ginn, déi 1990 mat enger privater Versécherungsgsellschaft fusionéiert huet an den Numm Internationale Nederlanden Groep (ING) ugeholl huet.

Wéi virun 143 Joer, also 1881, den hollännesche Staat d'Rijkspostspaarbank gegrënd huet, huet d'Ziel wahrscheinlech dora bestanen, de Bierger een universellen Bankendéngscht unzebidden. Nodeems se 1986 mam hollännesche Postgiro fusionéiert ass, gouf se an engems privatiséiert an ass vun 1989 ënner dem Numm "NMB Postbank Groep" opgetrueden. 1990 koum et zu der Fusioun mat der hollännescher Assurancegesellschaft "Nationale-Nederlanden" an d'Bank huet sech vun do un "Internationale Nederlanden Groep" (ING) genannt.

2003 huet d'ING de Crédit Européen iwwerholl, wat hir erméiglecht huet, hir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg ze entwéckelen.

Aus enger staatlecher Entreprise, déi dem hollännesche Vollék gehéiert huet, ass eng vun de gréisste Banke weltwäit ginn, déi, grad wéi vill anerer, wärend der Finanzkris 2008 huet missten zolitt mat ëffentleche Gelder ënnert d'Äerm gegraff kréien. 10 Milliarden Euro huet den hollännesche Steierzueler mussen dohinnerbliederen fir de Grupp ING, inklusiv hir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg, ze retten. 2009 ass den hollännesche Staat nach eng Kéier agesprongen an huet fir 28 Milliarden Euro faul Immobiliekrediter vun der ING iwwerholl.

Als Merci fir déi generéis ëffentlech Ënnerstëtzung huet d'ING am Mee 2024 decidéiert, d'Konten vun genau deene Leit, déi se 2008 virum Ënnergang gerett hunn, opzeléisen an se als Client virun d'Dier ze setzen, et sief dann, se hätten op d'mannst 100.000 Euro op hirem Konto.

Sou geet dat am Kapitalismus, an eis Politiker a Banquieren erklären eis, datt dat alles ganz normal wär, well d'Banke schliesslech selwer eraussiche kéinten mat weem se Geschäfter maachen a mat weem net. Verloschter ginn eben sozialiséiert, Gewënner privatiséiert.

Béis Zonge behaapten, beim Marathon 2025 dierfte just nach déi matlaafen, pardon: matfueren, déi et gepackt hunn, bis dohinner hire Kont bei der ING ze behalen an am Besëtz vun engem Luxus-SUV sinn. D'Ausgab vun 2025 géif mat der Jeep ausgedroen an amplaz vu Waasser gëtt et Schampes a Caviar ënnerwee fir ze stäerken. 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0