· 

Uff! De Bestand u Milliardären huet sech erholl

Si ginn nees vun der Rouder Lëscht gestrach

Grouss Erliichterung an der Welt vun de Superräichen: de Bestand vu Milliardären huet sech erholl.

▲ De Spëtzentrio: Nr.1 - Elon Musk (Tesla, Space X, Twitter), Nr.2 - Bernard Arnault (Louis Vuitton, Dior, Moët et Chandon, Hennessy), Nr.3 - Jeff Bezos (Amazon)
▲ De Spëtzentrio: Nr.1 - Elon Musk (Tesla, Space X, Twitter), Nr.2 - Bernard Arnault (Louis Vuitton, Dior, Moët et Chandon, Hennessy), Nr.3 - Jeff Bezos (Amazon)

Grouss Erliichterung an der Welt vun de Superräichen: de Bestand vu Milliardären huet sech erholl. Dat schreift déi Schwäizer Groussbank UBS an hirem Bericht vum 30. November 2023 mam Titel “UBS Billionaire Ambitions Report” (Bericht iwwert den Éiergäiz vun de Milliarden). Si gi nees vun der Rouder Lëscht erofgeholl, wat just nach eng Formsaach ass.

Am Zäitraum tëscht 2022 an 2023 huet sech de Bestand vu Milliardären zum Gléck erholl, schreift d’UBS, nodeems e virdrun ëm ee Fënneftel gefall war. Schold war, laut dem Bericht, Corona. 2023 ginn et awer nees 7 Prozent méi Milliardären an hirt Verméigen ass ëm 9 Prozent gewuess. Weltwäit ginn et aktuell 2.542 Milliardären, vun deenen jiddereen am Duerchschnëtt ee Verméige vun 12 Milliarden Dollar huet. Net all Milliardären hu wärend der Corona-Kris Plomme gelooss. Déi, déi hir Suen an der Technologiebranche an – wee wonnert et - am Gesondheetswiesen ugeluecht haten, konnten hirt Verméigen och a Krisenzäiten ëm 15 Prozent steigeren.

Bedéngt duech déi vill Kricher, geet d’UBS dovun aus, dass d’Milliardären aus dem Industrieberäich, haaptsächlech aus der d’Rüstungsinstustrie, hirt Verméigen zolitt steigere wäerten.

An hirem Bericht deelt d’UBS och mat, dass et 2023 déi éischte Kéier an der Geschicht ass, dass d’Majoritéit vun de Milliardären méi Verméigen duerch Ierfschaft ugesammelt huet wéi duerch richteg schaffen. Scho bal als Ëntschëllegung fir dee Bierg voller Geld a Gold, vergësst d’UBS net drop hinzeweisen, dass d’Milliardären och een Deel vun hirem Verméigen an d’Philanthropie stiechen, net ze verwiesselen mat der Philatelie, wat en anert Wuert fir Timberesammelen ass. D'Milliardären hunn also d’Mënschen gär a spende gär fir de gudden Zweck, well dat hinne gutt zu Gesiicht steet. De Bernard Arnault, zum Beispill, Patron vu Louis Vuitton, Christian Dior, Moët et Chandon, Hennessy, huet viru kuerzem ee Scheck iwwer 10 Milliounen zugonschte vun de Restos du Coeur ausgestallt, an huet domat 0,004 Prozent vu sengem Privatverméigen fir de gudden Zweck gespend. Da soll nach ee soen, d’Milliardären hätte keen Häerz!

Räichtum verierft sech - Aarmut och!

Am selwechten Zäitraum, wou d'Zuel vun de Milliardären sech erholl huet, ass och d’Aarmut weltwäit op ee Rekordniveau geklommen. An hirem Bericht vum Juli 2023, deelt d’UNO mat, datt no der Corona-Kris 165 Millioune Mënschen zousätzlech ënnert d’Aarmutsgrenz gerutscht sinn. Als aarm gëllt een, laut UN, wann ee manner wéi 3,65 Dollar den Dag zur Verfügung huet. Weltwäit sinn dat 1,65 Milliarde Mënschen, déi 20 Prozent vun der Weltbevëlkerung ausmaachen.

Déi meescht Milliardäre sinn an den USA ze fannen. Hei eng Lëscht vun den Top-10, wéi se den 9. Oktober 2023 an der Wirtschaftszeitung “Handelsblatt” püblizéiert gouf, déi sech hirersäits op d’Wirtschaftszäitschrëft “Forbes” berifft:

▲ Screenshot "Handelsblatt" vum 09/10/2023
▲ Screenshot "Handelsblatt" vum 09/10/2023

Mir vu "Luxembourg Jungle" halen et mam Bertolt Brecht sengem Gedicht vun 1934:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0