· 

31 Géigefroen als Äntwert op eng parlamentaresch Fro

Wat huet den Henri Kox all déi jore gemaach?

An enger Question parlementaire wollt den LSAP-Deputéierten Mars Di Bartolomeo vum Logementsminister Henri Kox (déi Gréng) wëssen, firwat sou vill Leit aus Lëtzebuerg fortplënneren a sech am noe Grenzgebitt nidderloossen. De Minister äntwert net op d'Fro, mee schéckt dem Deputéierten ee ganze Katalog mat 31 Géigefroen.

A munche Fäll kann eng Géigefro hëllefen, wann dem Froesteller seng Fro net ganz kloer war an ee méi Detailer brauch fir eng konkret Äntwert ze liwweren. Oft gëtt awer dës Taktik benotzt fir onangenehme Froen aus dem Wee ze goen oder ze konteren. Mat Géigefroe kann ee säi Géigeniwwer och aus der Bunn geheien.

Wat fir eng Flou de Logementsminister Henri Kox gepickt huet, wéi en dem Mars di Bartolomeo op seng parlamentaresch Ufro geäntwert huet, firwat sou vill Leit Lëtzebuerg de Réck dréinen an an d'Grenzregioun wunne ginn, muss hien dem Land nach verroden. Amplaz eng konkret Äntwert ze ginn, wéi dat üblech ass a sech passt, huet hien dem Di Bartolomeo gläich ee ganze Froekatalog zougeschéckt, mat 31 Froen, déi een sech och nach ka stellen.

Komesch just, dass sech den Henri Kox déi Froen, déi mol net falsch sinn, kuerz virun de Chamberwahle stellt. Do ass d'Fro berechtegt: Wat huet hien déi ganz Joren als Logementsminister gemaach? Hie weess jo hoffentlech, dass hien dee Ressort ënnert sech huet.

Hei ass eng Iwwersetzung vum Henri Kox senger Ministeräntwert un den Deputéierten Mars di Bartolomeo:

Dem Henri Kox seng Froen

"Déi villfälteg a verschidde Grënn firwat d'Lëtzebuerger wielen, an den däitschen, franséischen a belsche Grenzregioune ze wunnen, verdénge sécherlech méi déifgräifend Analysen.

Dat ass och de Fall fir aner Themen am Zesummenhang mat der Fro vum Logement, vun deenen ech mir erlaben hei eng net vollstänneg Lëscht opzestellen:

  • Wat muss ënnerholl ginn, dass de private Immobiliësecteur méi Wunnengen entwéckelt, déi der Finanzéierungskapazitéit vun der Mëttelakommesschicht zu Lëtzebuerg entsprécht?
  • Wat ass den Undeel vum Terrain an der Entwécklung vun den Immobiliëpräisser zu Lëtzebuerg an de leschten zwanzeg Joer?
  • Wéi hunn sech déi sozio-ekonomesch Charakteristike vun den Éischt-Keefer zu Lëtzebuerg an de leschten zwanzeg Joer geännert?
  • Wéi kann den Impakt vum Bau vun neie Wunnengen op d'Klimaerwiermung minimiséiert ginn?
  • Wat muss gemaach gi fir d'Zesummeliewen a Stad-Quartieren, déi ëmmer méi dicht ginn, ze assuréieren?
  • Wat ass déi duerchschnëttlech Wunnfläch pro Awunner no Regiounen, Alterskategorie a sozio-ekonomescher Situatioun zu Lëtzebuerg? Wéi präsentéieren sech dës Moyennen am Verglach mat de Nopeschlänner?
  • Wat ass déi nëtzlech a noutwenneg Wunnfläch pro Awunner fir d'Erausfuerderunge vun enger nohalteger Entwécklung ze meeschteren?
  • Wat ass d’Virstellung vu bezuelbarem Wunnraum fir jonk Leit, 60+, Famillen?
  • Wéi huet sech dës Virstellung zanter den 1980er entwéckelt? Entsprécht de Stock vun de Wunnengen dëser Virstellung?
  • Wéi kann de Wunnengspotenzial hei zu Lëtzebuerg mobiliséiert a gläichzäiteg déi wirtschaftlech Belaaschtbarkeet vun de Stéit gestäerkt ginn?
  • Wéi eng Auswierkungen huet eng Mobiliséierungssteier op d'Bereetschaft vun de Proprietären hir fir Wunnengen auszebauen? Wat fir een Zesummenhang besteet tëscht dem Niveau vum Steiersaz an der Entwécklung vum Logement?
  • Wat muss gemaach ginn, dass déi Mobiliséierungssteier fir d'Entwécklung vum Logement keen negativen Impakt op d'Evolutioun vun de Präisser huet an awer konform zum PDAT ass?
  • Wéi eng Auswierkungen huet eng Tax op onbewunnte Wunnengen op d’Proprietären, dës Wunnenge fir d’Locatioun unzebidden? Wat wier den Impakt vun enger méi grousser Offer vun der Gestion locative sociale op d’Mobiliséierung vun onbewunnte Wunnengen?
  • Wéi ass den Impakt vun der Geldmass (M3) op d'Evolutioun vun den Immobiliëpräisser an Europa?
  • Firwat profitéieren déi potenziell Empfänger vum Mietzuschuss net méi vun där Hëllef, déi vun der Regierung ugebuede gëtt?
  • A wat fir engem Ëmfang gëtt op aner individuell Hëllefe beim Zougang zu Immobilien zréckgegraff?
  • Wéi kann een d’Emsetzungskäschte bei der Gestion locative sociale fir den Acteur besser bewäerten ?
  • Wéi kann d'Produktivitéit vum Bausecteur ze verbesseren, wann se stänneg erof geet? Wéi ka séchergestallt ginn, datt d’Baubranche e Pionéier am Asaz vun erneierbarem Baumaterial gëtt?
  • Wéi kann d'Kreeslafwirtschaft am Bau gefërdert ginn?
  • Wéi ka séchergestallt ginn, datt Lokalpolitiker méi oppe si fir d'Entwécklung vu bezuelbare Wunnengen an hire Gemengen, besonnesch an Industriebroochen?
  • Wéi definéiert ee sozial Diversitéit? Gëtt et eng "gesond sozial Mëschung"?
  • Gëtt et Critèrë fir sozial Diversitéit, déi um Niveau vun der Stadentwécklung ëmgesat solle ginn?
  • Wéi eng psychologesch, wirtschaftlech, sozial a kulturell Faktore schwächen d'Stéit mat nidderegem Akommes?
  • Wéi eng psychologesch, wirtschaftlech, sozial a kulturell Faktore schwächen d'Stéit mat héijem Akommes?
  • Wéi eng Verbindunge ginn et tëscht der Diversitéit vun den Awunner vun engem Appartement an der Belaaschtbarkeet vum Zesummeliewen?
  • Wéi eng Ënnerstëtzung ass néideg an nëtzlech fir an enger Wunngemeinschaft mat grousser wirtschaftlecher, sozialer a kultureller Diversitéit erfollegräich zesummen ze liewen?
  • Wéi eng Ënnerstëtzung ass noutwenneg a sënnvoll, fir an enger noperschaftlecher Gemeinschaft mat grousser wirtschaftlecher, sozialer a kultureller Diversitéit erfollegräich zesummen ze liewen?
  • Wéi en Afloss huet eng gemëscht Educatioun op gutt Zesummeliewen am Quartier?
  • Wéi definéiert een "Gentrification"? A wéi enge Quartiere vun de grousse Stied zu Lëtzebuerg kann ee "Gentrifizéierung" beobachten?
  • Wéi geléngt d'Energietransitioun an Aarbechterquartieren? Wéi erkennt een Aarbechtervéirel zu Lëtzebuerg?
  • Wéi eng Verbesserunge sinn néideg fir de System vun der Mietkommissioun zu enger effektiver Schlichtungsinstanz virum Friddensgeriicht ze maachen?
  • Wéi entwéckelt sech d'Gréisst vun de Betriber, déi am Wunnengsbau täteg sinn?"

108.000 Lëtzebuerger wunnen am Ausland

Fir dem Mars di Bartolomeo an dem Henri Kox e bëssen op d'Spréng ze hëllefen, proposéieren ech hinnen zwee Presseartikelen. An engem Artikel am L'Essentiel vum 22. Mee 2022 konnt ee liesen, dass 108.000 Lëtzebuerger am Ausland liewen. Dat mecht ee Véierel vun alle Leit aus, déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. De Gros vun den Auswanderer si Famillje mat Kanner.

An engem weideren Artikel am Paperjam kann een unhand vun enger interaktiver Kaart kucken, wi vill Lëtzebuer a wat fir enge Länner wunnen. Den Artikel ass allerdéngs vun 2018. De Paperjam baséiert sech op d'Zuelen vum Registre national des personnes physiques.

Et kann een net méi vun engem Randphänomen schwätzen well vu Joer zu Joer dréine méi Leit dem Grand-Duché de Réck. Vill Leit kënnen sech  hei zu Lëtzebuerg keng Wunnéng méi leeschten. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0