· 

Accord iwwert d'Enteegnung vun de Judden

100.000.000 geklaut,

1.000.000 ENTSCHIEDEGUNG

Och 75 Joer nom 2. Weltkrich, sëtzen d'Lëtzebuerger Banken nach ëmmer op de Suen, déi d'Nazien de Judden konfiskéiert haten. Déi blockéiert Konten ginn haut "comptes dormants" genannt, Schlofkonten, op deene kee Mouvement méi stattfond huet.
Och 75 Joer nom 2. Weltkrich, sëtzen d'Lëtzebuerger Banken nach ëmmer op de Suen, déi d'Nazien de Judden konfiskéiert haten. Déi blockéiert Konten ginn haut "comptes dormants" genannt, Schlofkonten, op deene kee Mouvement méi stattfond huet.

Vill Leit sinn der Meenung, d'Judden hätten nom Krich, wéi si nees zréck an d'Land koumen, automatesch hiere geklaute Besëtz, hir Immobilien, hir Buttéker, hir Miwwelen an hir Suen zréckkritt an hätten dunn nees en normaalt Liewe gefouert. Dat stëmmt awer just fir en Deel vun de Judden, déi deemols zu Lëtzebuerg gelieft hunn. Dräi Véirel vun der jiddescher Populatioun, also ronn 3.000 Leit, haten de Pesch, eng aner Nationalitéit ze hunn oder ware staatenlos, wat dozou geféiert huet, dass si vu sämtlechen Entschiedegungen ausgeschloss waren. Och hiere Besëtz kruten déi allermannst zréck. Administrativ Decisiounen goufe mam d'Gesetz vun 1951 iwwert den Dommage de Guerre begrënd, ee Gesetz, dat bis haut a Kraaft ass an dat sech ausschliesslech op Demandeuren mat Lëtzebuerger Pass beschränkt.

Vun de rond 3.700 Judden, déi virun der Okkupatioun zu Lëtzebuerg gelieft hunn, waren der ca. 3.000 Net-Lëtzebuerger. Vill vun hinne sinn Enn den 1920er, Ufank den 1930er Joren aus Osteuropa oder de baltesche Länner op Lëtzebuerg geflücht, well deemols schon an deene Länner Pogromer géint d'Judde stattfond hunn. Zu Lëtzebuerg hunn si sech eng nei Existenz opgebaut an konnte virun allem a Sécherheet liewen.

Esou och dem Karin Meyer seng Famill mütterlechersäits, d'Famill Abramowicz, déi 1929 hir Heemechtsstad Wieluń a Polen (Bezierk Lodz) verlooss huet an op Lëtzebuerg koum, wou si ee klengen Usträicherbetrib an der Stater Groussgaass bedriwwen huet. Nom Amarsch vun de Preisen, den 10. Mee 1940, huet de Gauleiter Gustav Simon dofir gesuergt, dass d'Judden enteegent an erniddregt goufen. Si krute verbueden ze schaffen, hunn sech net méi däerfen um gesellschaftleche Liewen bedeelegen an hu sech missten mat engem gielen Davidsstäer als Judd ze erkenne ginn. D'Synagogen an der Stad an zu Esch goufen zerstéiert.

Och dem Karin Meyer seng Famill gouf enteegent. 1943 gouf hir Mamm (deemols just 3 Méint al) zesumme mat hirer Groussmamm an en Arbeitslager deportéiert, de Grousspapp gouf verhaft an, obbuel e Judd war, aus bis elo onerklärleche Grënn zwangsrekrutéiert an un déi russesch Front geschéckt. Dem Karin Meyer seng Urgroussmamm koum an den Arbeitsdienst a säin Urgrousspapp gouf an engem Véihwaggon vun der Eisebunn op Drancy (F) a vun do aus an d'Vernichtungslager Majdanek deportéiert. Auschwitz war iwwerfëllt, dofir hunn d'Nazien en Deel vun de Judden op Majdanek deviéiert fir se do ze vergasen.

Dem Karin Meyer seng Grousselteren an seng Mamm haten d'Chance, den Holocaust (bei de Judden och Shoah genannt = Katastrof, grousst Onheel) ze iwwerliewen, awer et huet bis 1951 gedauert, bis d'Famill Abramowicz endlech op Lëtzebuerg rapatriéiert gouf. No der Befreiung gouf si an engem sougenannten DP-Camp (DP = Displaced Person), gläichzesetzen mat engem Flüchtlingslager, an ënnerbruecht.

Wéi d'Famill nees heiheem war, goung de Misär weider. Well si net déi Lëtzebuerger Nationalitéit haten, haten si och keng Rechter a konnten zu Lëtzebuerg keng Uspréch stellen. Hiere geklaute Besëtz huet d'Famill bis haut net zréck kritt.

D'Hoffnung war grouss, wéi et geheescht huet, am Dossier vun de Spoliatiounen géif sech eppes doen. Dat war 2019. Dunn ass et nees roueg em den Dossier ginn, mat Ausnahm vu verschiddenen Informatiounen, déi vun Zäit zu Zäit duerchgesickert sinn.

Den 22. Januar 2021 huet d'Regierung annoncéiert, de 27. Januar géif en Accord tëscht dem Lëtzebuerger Staat an dem Consistoire Israélite du Luxembourg ënnerschriwwe ginn, mat deem all ongeléiste Froen am Kader vun de Spoliatiounen vu jiddeschem Eegentum wärend der Shoah geléist géif. Gläichzäiteg koum awer Ernüchterung op an et war eng gewësse Nervositéit an Uspaanung bei de Betraffenen aus der jiddescher Communautéit ze spieren.

Weder demokratesch nach transparent

"Ween huet den Israelitesche Consistoire mandatéiert, des Verhandlungen ze féieren an en Accord iwwert de Privatbesëtz vun Drëttpersounen ze ënnerschreiwen, ouni virdru Récksprooch mat de Betraffenen ze huelen? De Consistoire ass eng reliéis Organisatioun a kee Verhandlungsgremium deen iwwert de Privateegentum vun anere Leit bestëmme kann. Wou bleift d'Demokratie? Wou bleift d'Transparenz?", sou d'Karin Meyer. Den 22. Januar 2021, huet si ee Recommandé un de Premierminister, de Finanzminister an un de Consistoire geschéckt an deem si eng Kopie vum Accord verlaangt, dee bis dohi streng geheim gehale gouf.

Bei der Ënnerschrëft vum Accord iwwert d'Spoliatioun vu jiddeschem Besëtz wärend der Okkupatioun 1940-1944. (Foto:  Gouvernement)
Bei der Ënnerschrëft vum Accord iwwert d'Spoliatioun vu jiddeschem Besëtz wärend der Okkupatioun 1940-1944. (Foto: Gouvernement)

Wéi net anescht ze erwaarden, koum keng Äntwert op dëse Bréif am  gefuerderten Délai. Eréischt e puer Deeg no der Ënnerschrëft vum Accord krut d'Karin Meyer en Dokument heemgeschéckt, dat weder ënnerschriwwen ass, nach eng Entête vun der Regierung dréit. "Ech hätt dat Dokument och kéinte selwer geschriwwen hunn.", sou dem Karin Meyer seng Reaktioun. Sämtlech Annexen, déi am Accord opgefouert sinn, feelen. Wéi sech erausgestallt huet, handelt et sech bei deem Dokument em näischt anescht wéi de Pressedossier, dee bei der Ënnerschrëft vum Accord un d'Journaliste verdeelt gouf, net awer em den eigentlechen Text vum Accord selwer. Opgrond vun deem Text, deen dem Karin Meyer zur Verfügung stung, huet si eng emfaassend Analyse gemaach a koum zur Konklusioun, dass den Accord an där Form méi Froen opwerft, wéi en der léist.

Karin Meyer beim Holocaust-Monument zu Cinqfontaines. Si ass een Témoin de la 2e Génération.
Karin Meyer beim Holocaust-Monument zu Cinqfontaines. Si ass een Témoin de la 2e Génération.

An 10 Kapitelen setzt d'Karin Meyer sech intensiv mam ënnerschriwwenen Accord auserneen a werft dobei eng Partie kritesch Froen op, op déi si gär eng Äntwert vun der Regierung hätt.

Virun allem awer wëllt si endlech Gerechtegkeet an eng sérieux Unerkennung vun de net-lëtzebuerger Judden, déi, sou huet si d'Gefill, mat dësem Ofkommes iwwert den Dësch gezu ginn.

Download
Analyse vum Karin Meyer iwwert den Accord betr. Spoliatiounen vum 27/01/2021
An enger detailléierter Analyse geet d'Karin Meyer, déi selwer en Témoin de la 2ème Génération ass, kritesch op den Accord betreffend d'Enteegungen vun de Judden wärend der Okkupatiounszäit, deen de 27/02/2021 tëscht Regierung a Consistoire israélite ënnerschriwwe gouf, an.
Analyse accord spoliation du 27:01:2021.
Adobe Acrobat Dokument 908.5 KB

Krichsverbriechen verjären ni

An hirer Analyse kritiséiert d'Karin Meyer, dass ni ee vun de betraffene Leit de Consistoire israélite mat de Verhandlunge vun deem Accord beoptraagt hätt. Si freet, firwat net aner Organiatiounen, wéi zum Beispill d'a.s.b.l.MemoShoah, mat um Verhandlungsdësch soutzen. De Consistoire wär eng reng reliéis Institutioun.

Och den Zweck vum Vertrag ass dem Karin Meyer een Dar am Aan. Et wär inakzeptabel, dass mat dësem Vertrag een definitive Schlussstrëch ënnert den Dossier vun de Spoliatioune vu jiddeschem Besëtz gezu géif. Spoliatioun ass laut internationale Konventiounen ee Krichsverbriechen, a Krichsverbriechen verjären ni. "Also kann den Dossier och net zougemaach ginn", schlussfolgert d'Karin Meyer.

D'Entschiedegung vun 1 Millioun Euro bezeechent si als lächerlech. Virun der Nazi-Okkupatioun waren vun deenen 3700 Judden  ronn 3000 Judden mat auslännesch Wuerzelen oder staatenlos Judden zu Lëtzebuerg. Dee beschlagnamte Besëtz huet ee Wert vun emgerechent 100 Milliounen Euro. Déi 1 Millioun Entschiedung stellt demno just 1 Prozent vum geklaute Besëtz duer. "D'Somm vun der Entschiedegung ass bewosst niddreg gehale ginn fir der Bankeplaz net ze vill ze schueden.", sou d'Karin Meyer, déi sech dobei op eng duerchgesickert Informatioun aus dem Bankemilieu berifft.

Et géif hannen a vir u Prezisioune feelen, no welche Kritären déi Indemnitéit ausbezuelt géif. "Besteet iwwerhaapt eng Lëscht vun de betraffene Leit", freet d'Karin Meyer, déi d'Zuel vun den Iwwerliewenden op 50 bis 60 schätzt, déi gréisstendeels an den USA liewen. "Wat ass mat den Ierwen?", freet si an hierer Analyse. D'Karin Meyer werft och d'Fro op, firwat d'Liewensversécherungen an Depoten vu Wertpabeieren net berücksichtegt goufen.

Eng fondatioun, kontrolléiert vun der regierung a vum consistoire

Am Accord géif de Budget vun der Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah zolitt opgestockt ginn. Nodeem des Fondatioun 2018 schon 250.000€ aus dem Staatssäckel iwwerwise krut, kréich si elo fir déi nächst 30 Joer nach emol 120.000€ pro Joer un ëffentleche Gelder ausbezuelt.

Villa Pauly, Sëtz vun der Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah.
Villa Pauly, Sëtz vun der Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah.

D'Karin Meyer stellt sech d'Fro, wat des Fondatioun, déi vum Staat gegrënd gouf a vun der Regierung kontrolléiert gëtt, mat deem ville Geld mécht. Si huet erausfond, dass de Verwaltungsrot vun der Fondatioun et bis haut net fir néideg fond huet, ee Rechenschaftsbericht ofzeleen. "Ausser dem Grënnungsakt, huet des Fondatioun keng weider Dokumenter am Handelsregister püblizéiert, wat illegal ass, well et géint d'Gesetz vun den Associatiounen a Fondatioune verstéisst.", seet d'Karin Meyer a kompletéiert: "Wou bleift de Keessebericht? Wou bleift de Budget? Wou bleift den Aktivitéitsbericht?"

Des Fondatioun géif net emol hir eege Statute respektéieren, wat si perséinlech dozou gedriwwen hätt, den Dossier bis bei d'Justizministesch ze brengen. Déi géif sech bedeckt halen an hätt hir geroden, d'Geriicht mat der Affär ze befaassen. Op Onverständnis stéisst beim Karin Meyer d'Tatsaach, dass déi Fondatioun an Zukunft als eenzeg Ulafstell fir all Froen betreffend d'Shoah gëlle soll.

"Des Fondatioun huet viru kuerzem hir Internetsäit an hir Facebooksäit vum Netz geholl. Am Telefonsbuch ass si zwar vermierkt, awer ouni Telefonsnummer. Des Fondatioun ass net nëmmen onantastbar mais anscheinend och onerreechbar. Wéi soll sech dann ee Mënsch un des Fondatioun wenden?", freet d'Karin Meyer sech entsat an iergert sech driwwert dass des Organisatioun ëmmerhin ee Sekretariat vum Staat bezuelt kritt.

Klouschter Cinqfontaines, Recherche universitaire a strategie géint antisemitismus

An hirer Analyse beliicht d'Karin Meyer och de Kaf vum Klouschter vu Cinqfontaines, déi zousätzlech fianziell Mëttelen fir  d'Recherche universitaire an d'Strategie, déi Lëtzebuerg sech soll ginn fir den Antisemitismus bekämpfen.

Klouschter vu Cinqfontaines bei Ëlwen, vu wou aus tëscht 1941 a 1943 bal 300 Judden an d'Vernichtungslager deportéiert goufen. Elo gëtt et an ee Centre éducatif et commémoratif emgebaut. (Foto: Wikipedia)
Klouschter vu Cinqfontaines bei Ëlwen, vu wou aus tëscht 1941 a 1943 bal 300 Judden an d'Vernichtungslager deportéiert goufen. Elo gëtt et an ee Centre éducatif et commémoratif emgebaut. (Foto: Wikipedia)

Grondsätzlech huet si mat deene Punkte, déi och am Accord dra stinn, kee Problem, werft awer d'Fro op, wat des staatlech Initiativen an engem Dokument iwwert d'Enteegnung vun de Judden ze sichen hunn.

"Et war souwisou scho méi laang gepangt, d'Klouschter zu Cinqfontaines opzekafen. D'Geld, dat vum Staat an d'Recherche vun der Uni Lëtzebuerg investéiert gëtt, ass eng Evidenz, déi gesetzlech gereegelt ass. Eng Strategie fir géint den Antisemitismus virzegoen huet Lëtzebuerg längst.", sou d'Karin Meyer.

An hirem Dokument freet sech d'Karin Meyer, firwat de Kafpräis vum Klouschter vu Fünfbrunnen net am Accord verankert wär. Dee géif ee just iwwert d'Press oder aner Quelle gewuer ginn. D'Press hätt an deem Zesummenhang vun engem Kafpräis vu 25 Milliounen Euro bericht. An der Äntwert vum 5. Februar 2021 op eng Question parlementaire vum Nord-Deputéierten André Bauler gëtt d'Regierung Detailer zum Kafpräis an zu de Renovéirungskäschte vum Klouschter.

Onverständlech wier awer dass alt nees déi berüchtegt Fondatioun souwuel beim Kaf a Bedreiwe vum Klouschter wéi och bei der Recherche vun der Uni.lu d'Fangere mat am Spill hätt. "D'Recherche vun der Uni Lëtzebuerg soll onofhängeg kënne bedriwwe ginn. Wéi kann ee vun enger onofhängecher Recherche ausgoen, wann se ënnert der Fuchtel vun der Fondatioun stattfënd?", freet d'Karin Meyer.

Immobilien si vum Accord ausgeschloss

An dräi Aarbechtsgruppen wert iwwer verschidden Theme recherchéiert ginn, déi am direkten Zusammenhang mat der Spoliatioun stinn. Et sinn dest:

  • Aarbechtsgrupp "comptes dormants"
  • Aarbechtsgrupp "assurances impayées"
  • Aarbechtsgrupp "oeuvres d'art"

Och wann d'Karin Meyer d'Asetze vun desen Aarbechtsgruppen ausdrécklech begréisst, sou kritiséiert si awer de Mangel un Informatioun an Transparenz.

Am Accord géif sech op eng Rei Dokumenter a Lëschte beruff ginn, déi ee net consultéiere kéint, also geheim gehale géifen. Dat wär inakzeptabel. All Betraffene misst d'Recht hunn, Asiicht an all Dokumenter ze kréien. Et wär an dësem Abschnitt vum Accord, dass d'Ierwen eng éischte Kéier ernimmt géifen. D'Karin Meyer wëllt wëssen, wéi déi Aarbechtsgruppen zesummegesat ginn, ween d'Vertrieder an déi eenzel Gruppe nennt, winni se mat hirer Aarbecht ufänken an ob déi Concernéiert an hier Ierwen iwwert d'Entwécklung vun den Aarbechten um Lafende gehale ginn. Virun allem wëllt d'Karin Meyer wëssen, firwat just wärend 4 Joer solle Recherchen iwwert de geklaute Besëtz gemaach ginn, wou et sech dach bei der Spoliatioun em ee Krichsverbriechen handelt a Krichsverbriechen net verjähren.

Stolpersteng, wéi zu Waasserbëlleg, ginn op ville Plazen virun d'Haiser  an de Buedem geluecht, wou fréier Judde gewunnt hunn. Si sollen d'Errënnerung waakreg halen. (Foto: Bulletin municipal Grevenmacher)
Stolpersteng, wéi zu Waasserbëlleg, ginn op ville Plazen virun d'Haiser an de Buedem geluecht, wou fréier Judde gewunnt hunn. Si sollen d'Errënnerung waakreg halen. (Foto: Bulletin municipal Grevenmacher)

Op totalt Onverständnis stéisst beim Karin Meyer, déi geklauten Immobilien an Miwwelen net am Accord ze berücksichtegen.

"Wéi kann een an engem Haus wunnen, bei deem ee weess, dass et emol eng Kéier enger jiddescher Famill gehéiert huet, déi et zesumme mat hierem ganzen Hab und Gut ewechgeholl krut? A ville Fäll, wéi bei menger Famill, gouf dat iwwer ee 'Schenkungsakt' gemaach.", stellt d'Karin Meyer ganz entsat fest.

An der Belsch wär d'Restitutioun vum jiddesche Besëtzt ganz anescht organiséiert ginn, erkärt si a verweist an hierer Analyse op de belschen Accord, bei deem den Immobilier, finanziell gesinn, dee gréisste Pak ausgemaach hätt.

Wat hunn d'judden vun deem accord?

An hirer Analyse kënnt d'Karin Meyer zur Conclusioun, dass den Accord emol an éischter Linn eng gutt Werbekampagn fir d'Regierung ass, fir am Ausland gutt do ze stoen. Och konnt ee gréisseren Imageschued vun der Finanzplaz, déi d'Konte vun den enteegente Judden wärend méi wéi 75 Joer blockéiert, ofgewend ginn.

Der Regierung hir Strategie ass opgaang. D'Press huet bal ausnamslos positiv iwwert d'Ënnerschrëft vum Accord bericht.
Der Regierung hir Strategie ass opgaang. D'Press huet bal ausnamslos positiv iwwert d'Ënnerschrëft vum Accord bericht.

Wat bleift am Endeffekt fir déi staatenlos an auslännesch Judden iwwreg? "Iwwreg bleift eng Entschiedegung vun 1 Millioun Euro fir déi ronn 3.000 Judden, déi verfollegt, enteegent, deportéiert, mësshandelt an ermuert goufen, eng Absichtserklärung vun der Regierung, sech an Zukunft géint den Antisemitismus ze wieren an d'Hoffnung, dass déi dräi Aarbechtsgruppen eng sérieux Aarbecht maachen.", sou d'Karin Meyer, déi net verwonnert doriwwer ass, dass deen Accord bei engem Deel vun der jiddescher Communautéit hefteg kritiséiert gëtt. Réckendeckung kréien si vum renomméierten Historiker a Professer Vincent Artuso, deen an engem rezente Beitrag an der Wochenzeitung Woxx net mat Kritik spuert.

Déi eigentlech Gewënner wären d'Banken, déi en Imageschued ofgewiert kruten an de Lëtzebuerger Staat, deen dobausse gutt do steet. Och d'Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah - also nees de Staat - wär ee vun de Gewënner vum Accord.

D'Karin Meyer freet sech awer, wat de juristesche Wert vun deem Accord ass, deen ee ganze Pak vu Punkten begräife géif, déi hiere Käschtepunkt hätten. D'Gesamtkäschte léiche bei ronn 32.770.000 Euro, woumat déi gesetzlech 10-Millioune-Grenz, ab där ee Projet vun der Chamber muss validéiert ginn, iwwerschratt géif.

Extrait aus der Analyse vum Karin Meyer iwwert den Accord, deen de 27. Januar 2021 ënnerschriwwe gouf.
Extrait aus der Analyse vum Karin Meyer iwwert den Accord, deen de 27. Januar 2021 ënnerschriwwe gouf.

Ofschléissend werft d'Karin Meyer d'Fro op, wat fir eng Recoursméiglechkeeten déi betraffe Leit dann hätten, wann si mat deem engen oder anere Punkt vum Accord net averstane wären.

Am Sënn vu méi Demokratie an Transparenz, fuerdert si op en Neits, Abléck an de ganzen Dossier ze kréien. Si berifft sech dobei op ee rezent Uurtdeel vum 26. Januar 2021 vun der Cour administrative. D'Geriicht huet dem Sven Clement Recht ginn:  d'Deputéierten kréien elo Asiicht an d'Konventioun, déi de Staat mat RTL ofgeschloss huet. hh.


An enger fréierer Versioun vun desem Artikel gouf de Kafpräis an d'Renovéirungskäschten vum Klouschter vu Cinqfontaines mat 25 Milliounen uginn. Mëttlerweil huet d'Regierung awer op eng Question parlementaire geäntwert an de Kafpräis mat 7.927.370€ an d'Renovéirungskäschten mat 17.600.000€ uginn. Den Text gouf deementspriechend adaptéiert.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0