· 

Lëtzebuerg ass dat deierst Land an Europa

wat fir eng léiren zitt d'politik aus dem deloitte-bericht?

Engem Bericht vun der Berodungsfirma Deloitte no, klammen d'Wunnengspräisser queesch duerch Europa, a besonnesch zu Lëtzebuerg. D’Stad Lëtzebuerg huet am leschte Joer Paräis a punkto Präisser iwwerholl. Souguer zu Esch/Uelzecht an Déifferdeng ass d’Wunne méi deier wéi z.B. zu Barcelona, München, Milano, Bréissel oder Wien.

Deloitte huet de Wunnengsmarché vun 21 europäesche Länner ënnert d’Lupp geholl an hir Étude an engem Bericht vun 48 Säiten zesummegefaasst, deen am Juli 2020 verëffentlecht gouf. All Grafiken sinn aus dem Deloitte-Bericht erauskopéiert ginn a mat eegene Kommentarer vervollstännegt ginn.

Klengen Tipp beim d’Liese vun den Zuelen: Am Bericht vun Deloitte sinn all Zuelen an der englescher Schreifweis uginn. Dausender ginn am Engleschen duerch ee Komma getrennt, net duerch ee Punkt. Bei Dezimalzuele gëtt am Englesche kee Komma gesat, mais ee Punkt.

deierst land an europa

Mat engem Metercarréspräis vun duerchschnëttlech 7.145€/m2 ass de Grand-Duché beim Kaf vun engem Appartement dat deierst Land an Europa . D’Stad Lëtzebuerg kënnt mat engem Duerchschnëttspräis vun 12.863€/m2 op déi drëttdeierst Stad hanner Paräis an Tel Aviv (Säit 5). Bei de Loyeren ass d’Stad Lëtzebuerg mat 30,71€/m2 déi deierst Stad an Europa.

Deloitte geet dovun aus, dass d’Präisser no der Coronakris europawäit nees klammen wäerten. Dat werd spéitstens 2022 de Fall sinn. Gemäss de Pronosticken vun Deloitte, werd sech des Hausse virun allem an der Belsch, an Holland an bei eis zu Lëtzebuerg bemierkbar maachen. Lëtzebuerg wär besonnesch fir auslännesch Professioneller (gemengt sinn Investisseuren) attraktiv, sou eng vun de Conclusioune vun Deloitte (Säit 7).

D’Coronakris géif d'Wirtschaft méi hefteg treffe wéi d’Finanzkris 2008-2010. Europa werd an eng Rezessioun rutschen, de Réckgang gëtt op 6,3% geschat. D’Wirtschaft werd sech spéitstens 2022 nees erhuelen, awer nëmmen dann, wann de Virus bis dohi bekämpft ass. Déi éischter düster wirtschaftlech Aussiichte wäerten en Afloss op d’Immobiliëpräisser hunn, déi an de nächste Jore manner séier klamme wäerten (Säit 8 an 9).

bauboom zu lëtzebuerg

Zanter 2000 ass zu Lëtzebuerg ee reegelrechte Bauboom am Gaang. Pro 1.000 Awunner goufen an de leschten 10 Joer 11,65 Wunnenge gebaut. An eisen Nopeschlänner läit dëse Wäert bei 6,70 fir Frankräich, 5,18 fir d’Belsch an 3,53 fir Däitschland (Säit 11).

Och bei de Constructiounen, déi momentan nach am Gaang si, läit Lëtzebuerg mat 8,92 Wunnenge pro 1.000 Awunner un der Spëtzt. Am Verglach: Frankräich 6,12 ; Belsch 4,89, Däitschland 2,64 (Säit 12).

Beim verfügbare Stock u Wunnenge läit Lëtzebuerg allerdéngs mat 390,6 verfügbare Wunnenge pro 1.000 Awunner u fënnefleschter Plaz an Europa. Hei schneiden eis Nopeschlänner wesentlech besser of (Säit 13).

Säit dem Joer 2000 sinn d’Präisser bei den Transaktiounen vu Wunnengen em 12% eropgaangen a leien elo bei 7.145€/m2. Domat läit de Kafpräis fir Neibauten zu Lëtzebuerg europawäit un der Spëtzt. Bei eisen Nopeschlänner leien d’Präisser bei 3.727€/m2 an Däitschland, 4.523€/m2 a Frankräich an 2.583€/m2 an der Belsch (Säit 16 a 17).

präisser fir neibauten am europäesche verglach

Unhand vun enger interessanter Grafik op de Säiten 18 a 19 vum Bericht, ginn d’Transaktiounspräisser vu neie Wunnenge vu jeeweils 3 Stied pro Land uginn. Fir de Grand-Duché goufe folgend Stied erausgesicht:

  • Stad Lëtzebuerg: 9.565€/m2
  • Esch/Uelzecht: 6.881€/m2
  • Déifferdeng: 5.766€/m2

Just zu Paräis an zu Tel Aviv louchen d’Transaktiounspräisser vu neiegebauten Immobilien 2019 méi héich wéi an eiser Stad. An der Stad Lëtzebuerg (Duerchschnëttspräis 9.565€/m2) ass et awer méi deier wéi zu München (8.250€/m2), London (7.699€/m2) oder Frankfurt (6.960€/m2). Souguer Déifferdeng ass ëmmer nach méi deier wéi verschidden auslännesch Groussstied, z.B. Barcelona (5.763€/m2), Peripherie vu London (5.732€/m2), Amsterdam (5.315€/m2), Hamburg (5.745€/m2), Berlin (5.478€/m2), Groussraum Paräis (5.187€/m2) oder Wien (4.868€/m2).

präisser klammen onënnerbrach

D’Haaptstied si quasi ëmmer déi deierst Pflasteren, och zu Lëtzebuerg. Allerdéngs ass d’Präisdifferenz zu Lëtzebuerg am Verglach mat den Duerchschnëttspräisser manner ausgepräägt wéi dat z.B. zu Paräis, Lissabon oder London de Fall ass. Als méiglech Erklärung kann eventuell ugeféiert ginn, dass et am Grand-Duché am allgemenge souwisou deier ass (Säit 20 an 21).

Wann an enger Rei Haaptstied (Oslo, Riga, Roum, Dublin, Paräis, Sofia, London) d’Kafpräisser tëscht 2018 an 2019 zréckgaange sinn oder stagnéieren (Bréissel, Zagreb), sou klammen se an der Stad Lëtzebuerg kontinuéierlech. Tëscht 2018 an 2019 ass eng Präishausse vun ëmmerhin 8,1% ze verzeechnen (Säit 22 an 23).

héchste loyeren vu ganz europa sinn zu lëtzebuerg

Mat engem Duerchschnëttsloyer vun 30,7€/m2 iwwerhëlt Lëtzebuerg Paräis a setzt sech domat als deierst Stad un d’Spëtzt vum europäesche Ranking. Souguer Esch/Uelzecht (21,8€/m2) an Déifferdeng (20,0€/m2) placéieren sech an den Top-Ten vun den deierste Stied an Europa. D’Loyeren zu Esch oder Déifferdeng sinn z.B. méi deier wéi zu Kopenhagen (19,9€/m2), Barcelona (19,3€/m2), Groussraum Paräis (18,9€/m2), Groussraum London (18,4€/m2), München (16,4€/m2), Roum (13,3€/m2), Milano (12,5€/m2), Lissabon (11,8€/m2), Bréissel (11,8€/m2), Wien (9,9€/m2), Berlin (9,1€/m2) oder Sarajevo (4,1€/m2). (Säit 26 a 27).

Beim Verkaf vun Immobilien entsprécht den affichéierte Präis bal ni dem tatsächlechen Transaktiounpräis. Meeschtens besteet nach ee Verhandlungssputt. Zu Lëtzebuerg läit de tatsächleche Verkafspräis bei neie Wunnengen duerchschnëttlech 17% ënnert dem affichéierte Präis, bei eelere Wunnenge sinn et 8% manner (Säit 28 an 29).

iwwerschëldungsgefor zu lëtzebuerg grouss

Den Hypothéikemarché an d’Verschëldung vun de Stéit spillen eng wichteg Roll um Immobiliëmarché. An Zentral- an Osteuropa sinn d’Leit am mannste verschëlt. Am meeschte verschëlt sinn se an Holland, Dänemark, Norwegen a Lëtzebuerg. D’Verhältnis Verschëldung/verfügbaart Akommes läit zu Lëtzebuerg bei 144,8%. An eisen Nopeschlänner ass dee Ratio jeeweils ënner 100% a bedréit fir d’Belsch 95,6%, fir Frankräich an Däitschland jeeweils 68,5% (Säit 30 an 31).

verduebelung vun de präisser innerhalb vun 10 joer

An der Conclusioun erkläert Deloitte d’Präisexplosioun zu Lëtzebuerg mat de relativ niddregen Zënsen, der gutt Wirtschaftssituatioun an de stabille politesche Verhältnisser.

No der Finanz- a Wirtschaftskris vun 2008, sinn d’Präisser ab 2010 em ronn 5,7% pro Joer geklommen. Dëst wär d’Resultat vum wirtschaftlechen an demografesche Wuesstem, dem dynameschen Aarbechtsmaart an de niddregen Zënsen, geet aus dem Bericht ervir. An der Stad Lëtzebuerg hätten d’Wunnengspräisser sech an de leschten 10 Joer méi wéi verduebelt, sou Deloitte. Si si vu 4.400€/m2 am Joer 2010 op 9.000€/m2 am Joer 2019 geklommen. Alleng tëscht 2018 an 2019 hätt d’Präishausse nach un Tempo zougeluecht. An där Zäitspan wären se em duerchschnëttlech 11% geklommen (12 Prozent bei den Appartementer, 9 Prozent bei den Haiser) (Säit 39).

wat beabsichtegt deloitte ?

Mat 312.000 Salariéen an iwwer 150 Länner, gehéiert Deloitte zesumme mat de Konzerner Ernst & Young, KPMG a PricewaterhouseCoopers zu de sougenannte Big-Four an der Branchë Wirtschaftspréiwung, Management- a Strategieberodung. Deloitte ass och an de Beräicher Steierberodung, Verméigensverwaltung a juristesch Berodung aktiv. De Bericht vun Deloitte iwwert d’Wunnengssituatioun an Europa an zu Lëtzebuerg huet wuel kaum als Zil, eng Verbesserung um Wunnengsmaart fir déi Normalstierflech ze erwierken. Villméi geet et drëm, wéi et op der Säit 7 vum Bericht vermierkt ass, Investisseuren op Lëtzebuerg ze lackelen an déi vun de Virdeeler (Renditen) vum attraktiven Immobiliëmaart profitéieren ze loossen. Genau duerch des auslännesch Investisseure ginn awer d’Präisser nach méi an d’Luucht gedriwwen, dat zum Nodeel vun de Residenten. De Bericht vun Deloitte kéint allerdéngs fir ee Changement a der Wunnengspolitik suergen, wann e vun eiser Regierung an eise Parlamentarier als sérieux Warnung géif verstane ginn an endlech géif mat de néidege Gesetzer an Initiativë géigegesteiert ginn. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0